Spillbericht 9ten Spilldaag


25 October 2021

Geschter stung den 9ten Spilldaag um Programm:
 
Mir waren Auswärts beim Daring Club Echternach op Besuch
 
Den Mätch as lass gaang mat direkt enger gudder Chance duerch den Kelmendi an der 1ter Spillminute, mee en as um Goolkeeper hänken bliwwen.
 
An der 2ter Minute as Echternach an Féirung gaang, no enger Flank kréien 2 Verteideger den Ball net an den Stiermer setzt per Seitfallzieher fir den 1-0 eran.
 
Ons Equipe war dovun net schockéiert an huet déi ganz Halbzeit gedrëckt op den Ausglaich.
 
Mir hun Phasenweis richteg gudd nofir gespillt mee den Gool wollt einfach net faalen. Mir haaten 3 Laat Schëss an eng Réih 100% Chancen déi mir léien geloos hun.
 
No der Halbzeit hun mir awer dann direkt den Verdingten 1-1 fonnt. An der 46ter Minute as een schéinen Spillzuch iwwer riets komm, den Freitas Morgado brengt eng schéin Flank op den elefmeter Punkt, wou den Samb Dieng den Ball per Kapp fir den
1-1 eran netzt.
 
D'Equipe huet net labber geloos an weider gudd Chancen raus gespillt.
 
Et huet bis déi 66te Minute gedauert bis Netz rem gewackelt huet. No engem gewulls am 16er kennt den Ball bei den Ramdedovic, heen leet dem Samb Dieng den Ball op an desen knallt den Ball ennert Laat fir den 1-2.
 
Echternach huet op Konter gelauert an sie haaten an der 81te Minute Chance fir den 
2-2 mee den Correia am Gool hällt staark mam Fouss.
 
An der Nospillzeit sollt dann awer nach een Gool faalen no engem Corner vum Kalabic leet den Freymann mam Kapp weider op den Borges Varela, desen schéisst den Ball fir den 1-3 eran.
 
Eng héich verdingten Victoire! Domat bleiwen mir Tabellenleader!
 
Nächsten Rdv as en Samsteg um 18h00 an der Coupe de Luxembourg hei Heem geint d'US Mondorf aus der BGL!
 
Emmer weider FCJU!