Schluss an der Coupe FLF


11 November 2021

Geschter hun mir zu Mertzig gespillt fir Coupe FLF.
 
Am Firfeld war gewosst dass eisen Trainerstaff vill Spiller geng schounen daat well et eng Kuerz Woch as mat 3 Mätcher. 
 
Déi éischt 20 Minuten war Mertzig déi besser Equipe an sin an der 8ter Minute mat 1-0 an Féirung gaang.
 
Eis Equipe as besser an den Mätch komm an haat duerch den Freymann déi grouss Chance fir den Ausglaich mee den Ball sollt just op den Poteau goen.
 
Fierun der Halbzeit kruut eis Equipe een Elefmeter. Den Samb Dieng verschéisst deen.
 
No der Halbzeit an der 58ter hun mir rem een Elefmeter kritt, desen huet den Samb Dieng fir den 1-1 eran geschoss.
 
Mertzig as rem an Féirung an daat an der 63ter fir den 2-1.
 
68te Minute kruut Mertzig een Elefmeter an erhéicht op 3-1
 
Eis Equipe haat nach puer Chance fir nach emol ze verkiertzen. 
 
Um Enn sollt et awer net sin an verléiren mat
3-1.
 
Lo heescht et vollen Fokus op den Championnat, direkt ungefaang mam Spëtzenmätch en Samsteg um 18h00 zu Lorentzweiler!
 
Emmer weider FCJU!