Spilldag 1 Championnat Saison 2026/27
19th August 2026
Jeunesse Useldange

En Sonndeg um 16h00 geet endlech Championnat rem un. Mir starten direkt mat engem Derby aus eisem Kanton an daat géint US Folscht.
Folscht as néi an der 1ter Divisioun an as lescht Saison verdingt opgestiegen an as secherlech keen einfachen Géigner.
Mir hun eis Equipe liicht emgeännert puer Ofgäng an puer Neizougäng, mir hun eng Hongereg Jonk an talentéiert Equipe déi alles drun setzen wärt déi éischt 3 Punkten wëllen hei Heem ze haalen.
Dofir kommt eis Equipe ënnerstëtzen fir een gudden Start!
Unpaff as en Sonndeg um 16h op eisem Terrain Nic Anzia!
#buergopderbroscht
desen Mätch gëtt ierch présentéiert vun eisen Haaptsponsoren:
Groupe Kartheiser Immo Nord Luxembourg
Le Mazzo am Daul
Galerie Moderne
Electro Center
MAN Luxembourg
Sani Design sarl
Lombardi Sports
