Useldeng steed am nächsten Tour!!


03 October 2021

https://www.rtl.lu/sport/news/a/1796053.html

Ons Equipe huet sech geint den FC jeunesse Junglinster aus der Éirenpromotioun mat 2-0 duerch gesaat!
 
Et war eng fantastesch Leeschtung an eng héich verdingten Victoire. 
 
Den Albert Ramdedovic konnt an der 16ter Minute per Elefmeter fir den 1-0 eran setzen.
 
Dono haaten mir weider Chancen fir weider Gooler ze schéissen. Jonglënster haat déi éischt 45 Minuten net eng richteg Goolchance.
 
An der 2ter Halbzeit haaten mir weider Goolchancen hun se awer ongenotzt geloos.
 
Jonglënster haat d'Chance fir den 1-1. Mee den Correia huet mat enger onfassbar Parad wou en den Ball aus dem Wénkel fëscht an den 1-0 fest gehaal  Och den Tafani konnt nach een Ball op der Linn klären.
 
An der 89ter Minute dann awer déi wuel verdingten Entscheedung daat duerch den Meis Maxim deen kuerz no senger Anwiesslung den 2-0 markèiert.
 
Um Enn stung et 2-0 an eiser Equipe as nemmen ze felicitéiren fir déi staark Leeschtung!
 
Een schéinen Pappendaagsonndeg gewënscht! 
 
Nächsten Sonndeg fueren mir op Ierpeldeng!
 
Super FCJU!!