Useldeng setzt sech 4-0 duerch


09 November 2021

Leschten Sonndeg stung den 10ten Spilldaag um Programm an daat hei Heem geint Feelen.
 
Direkt vun der 1ter Minute un huet eis Equipe probéiert séier een Gool ze fannen. 
Mir sin net richteg duerch komm daat well Feelen zu 11 hannendran stung. Duerch een Fraistouss vum Kalabic sin mir zur éischter Chance komm.
 
Feelen huet op Konter gelauert an haat an der 27ter Minute déi grouss Chance fir den 0-1 mee den Correia am Gool gewennt daat Duell.
 
An der 37ter Minute dann awer den 1-0 fir eis Equipe, den Ramdedovic passt schéin an den rietsen Couloir den De Sousa brengt eng Fest Flank op den 2ten Poteau wou den Adam ënnert Laat eran netzt.
 
No der Halbzeit huet eis Equipe weider Drock gemaach.
 
Et sollt bis déi 59te Minute daueren, wei mir een Fraistouss kruuten baal op der Mëtt. Den Ramdedovic geséit dass den Goolkeeper vun Feelen weit aus dem Gool steet an probéiert et direkt an trëfft fir den 
2-0!
 
An der 65ter Minute geet den Adam duerch an gëtt am 16er gefoult vum Goolkeeper. Elefmeter! Den Ramdedovic hummert den Ball onhaalbar fir den 3-0 ënnert Laat!
 
Et sollt awer nach een Gool faalen, no schéinem Zesummenspill tëscht Freymann an Kelmendi kennt den Ball bei den Freitas Morgado heen fackelt net laang an schéisst propper fir den 4-0 eran!
 
Alles an allem eng verdingten Victoire fir eis Faarwen!
 
En Mëttwoch spillen mir an der Coupe FLF zu Mertzig an dann en Samsteg geet et fir den Spëtzenmätch op Lorentzweiler!
 
Emmer weider FCJU!