TRAINERSTAFF Saison 2021/2022


10 March 2021

Den FC Jeunesse Useldeng ass houfreg kënne matzedeelen, dass den Trainerstaff mam Cheftrainer KELMENDI Enver, Co-Trainer MUNIKEN Dany an Goalkeepstrainer FERO Leo och an der Saison 2021-2022 Senioren vum FCJU wäert trainéieren. Aus perséinlichen Grënn leet den ALOMEROVIC Assim nächst Saison als Co-Trainer eng Paus an, mee wëll den Veräin awer an der Planung an Betreiung weider ënnerstëtzen!