Spillbericht 8ten Spilldaag


18 October 2021

Geschter um 8ten Spilldaag war den FF Norden 02 bei eis op Besuch.
 
Den Mätch as fir eis ganz gudd ungaang well an der 5ter Spillminut, no enger schéiner Pass vum Ramdedovic huet den Kelmendi den Ball vun 20 Meter iwwert den Goolkeeper vum Norden geschoss fir den 
1-0.
Kuerz drop haaten mir direkt Chance fir den 2-0 mee dem Freitas Morgado sein Schoss geed iwwert den Gool.
Den Norden as  besser an den Mätch komm an huet eis et schwéier gemaach hannen eraus ze kommen.
An der 31ter Minute kruuten mir een Konter, den De Sousa as iwwer riets duerch an zitt op den Gool, den Verteideger vum Norden mescht den Feeler an kritt Rout wengst enger Noutbrems.
An der 34ter Minute dann den 2-0 duerch den Samb Dieng no firlaag vum De Sousa, schéisst den Samb Dieng mat der Pick vum 16 Meter an den laangen Eck.
Dono waren mir zevill passif an hun eis zreck gezunn doduerch kruut den Norden eng Réih  Goolchancen.
An der 40ter Minute kruut den Rodrigues Giel Rout wéi heen op der Seit ze spéit koum.
Kuerz fierun der Halbzeit, an der 44ter dann den Unschloss vum Norden, daat wei den Stiermer alleng fierum Correia konnt eran setzen fir den 2-1.
No der Paus huet den Norden gedrëckt op den Ausglaich mee den Correia am Gool konnt mat 3 Glanzparden féirung haalen. 
An der Drockphase vum Norden (60te Minute) setzt den Samb Dieng sech alleng duerch an schéisst vun der rietsen Seit an den laangen Eck fir den 3-1. 
Dono koum den Norden weider zu Chancen mee emmer rem war den Correia zur Stell an konnt klären.
Och mir kruuten nach op Konter Chancen mee hun den Saack net zou gemaach.
An der 90ter Minute kritt den Norden een Elefmeter an verkiertzt nach emol op 3-2.
Et huet een gemengt et kéint nach emol spannend gin mee an der Nospillzeit geed den Freitas Morgado iwwer riets duerch an servéiert den Freymann um 2ten Poteau  desen versenkt, nemmen kuerz no senger Anwiesslung fir Schlussresultat 4-2.
 
Um Enn huelen mir 3 Wichteg Punkten geint een starken Géigner vum FF Norden 02 an bleiwen Tabellenleader. Et war secherlech net deen bäschten Mätch vun eiser Seit mee dass Victoire wou zielt.
 
Nächst Woch fueren mir op Echternach!
 
Emmer weider FCJU!