Spillbericht 6ten Spilldaag


28 September 2020

Geschter war den compte vum 6ten Spillddaag an daat hei Heem geint den FC 72 Erpeldange.

No 58 Sekonnen as Useldeng mat 0-1 an Reckstand komm daat no engem Corner wou den Spiller ganz alleng am Stroofraum konnt verwandelen.

Useldeng huet awer direkt eng Reaktioun gewisen an daat an der 5ter Spillminute, laangen Ball vum Rodrigues Jonathan nofir wou den Kelmendi Dritro alleng start, den Goolkeeper emdribbelt an zum 1-1 eran setzt.

Direkt an der 7ter Minute dann Féierung fir Useldeng, den Kelmendi Dritro spillt eng schéin Pass op den Civic Adis, deen emdribbelt een Verteideger an netzt eiskaal an den kuerzen Eck.

An der 12ter Minute hätt Useldeng missten op 3-1 erhéigen daat wéi den Dritro Kelmendi alleng fort war mee den Ewertz Mike am Gool vun Ierpeldeng hällt staark.

22te Minute war et erem Useldeng wou eng ganz gudd Chance haat vum Silva da veiga Edi, deen knaps laanscht schéisst.

Ierpeldeng konnt an der 28ter Minute ausglaichen daat no engem Elefmeter 2-2.

Mat engem 2-2 goung et an Paus.

No der Paus hun béid Equipen weider nofir gespillt, et waren déi Useldenger déi besser aus der Paus komm sin. An der 52ter Minute gouf den Kelmendi Dritro am 16er gefoult. Den Adis Civic verwandelt den Elefmeter zum 3-2 fir seng Faarwen.

64te Minute dann rem den Ausglaich wei een Ierpeldenger riets duerch geed an Mëtt passt an den Stiermer leist dem Hugo Correia am Gool vun Useldeng keng Chance 3-3.

Rem nëmmen 2 Minuten méi spéit an der 66ter spillt den Albert Ramdedovic eng wonnerschéin Pass an déift op den Dritro Kelmendi an deen kréint seng Leeschtung mam 4-3 fir seng Equipe.

Useldeng huet probeiert Resultat ze haalen mee daat sollt net sin. An der 78ter Minute kënnt Ierpeldeng rem op den Ausglaich. Een Fraistouss vun der lénkser seit kënnt op den 2ten Poteau wou den Stiermer vun Ierpeldeng ganz alleng steed. 4-4.

Ierpeldeng huet an der 90 Minute nach een Gool geschoss wou awer net gezielt huet, well den Arbiter een Feeler op den Hugo Correia gesin huet.

Jiddereen huet mat engem glaichspill gerechent.

Useldeng kruut an der 94ter Minute nach een Fraistouss an der Eegener Halschent. Den Rodrigues Jonathan brengt den Ball weit no fir an den 16er vun den Ierpeldenger, wou den  Borges Jeremy per Kappball dem Goolkeeper vun Ierpeldeng keng Chance léisst 5-4! Dono war schluss!

An engem ganz intensiven Mätch, setzt sech Useldeng um Enn ganz knapp duerch!

Den FCJU hëllt domat dei 4te Victoire an deser Saison!

Nächsten Sonndeg geed et op den Norden!

Allez FCJU!