Spillbericht


30 August 2020

En Freideg war den Optakt am Championnat an daat zu Lëntgen.

Mir wollten positiv an Saison starten, hun eis awer extrem schweier gedo fir an den Mätch ze kommen. An der éischter Halbzeit haaten mir nemmen eng Offensiv Aktioun wou den Freitas Joao an der 3ter Minute alleng fort war an den Goolkeeper emdribbelt huet mee deen trotzdem beim Schoss nach mat den Fangerspëtzen drun komm as. Lëntgen stung relatif kompakt an der Defense an huet et an der 1ter Halbzeit richteg gudd verteidegt. Lëntgen haat och 2-3 ganz gudd Chancen daat mat 2 Eckbäll wou alkeiers knapp laanscht gekäppt goufen an een Waitschoss deen widdert laat gaangen as.

An der 2ter Halbzeit war et eis Equipe dei probéiert huet Iwwerhand zekréien mee mir hun eis weiderhin schweier gedo fir Goolchancen raus ze spillen. Och Lëntgen war no der Paus net méi sou geféierleg nofir. Déi bescht Chance fir eis haat den Freitas Joao deen an der 70ter Minute rem alleng op den Gool gelaaf as mee den Goolkeeper vun Lëntgen konnt erem haalen. An der 72ter Minute dann féirung fir den Fc Minerva Lëntgen, mir hun Anworf an spillen den Ball bei den Géigner deen spillt een laangen Ball op déi riets Seit wou den Fabio nach probéiert den Ball ze klären, daat em awer net gegléckt as. Den Stiermer vun Lëntgen emdribbelt eisen Goolkeeper an netzt zum  
1-0 eran. Dono huet eis Equipe alles probéiert fir nach een Punkt matzehuelen deen och secherlech op Grond vun der 2ter Halbzeit net onverdingt gewiescht wier, leider sollt et net méi sou kommen. Um Enn verléiren mir den Optakt mat 1-0. Kapp an luucht Männer!

Een groussen Merci geet un eis Supporter dei ganz Zahlreich vertrueden waren!

Nächsten Mätch spillen mir nächsten Sonndeg hei Heem geint den FC Kielen!

Allez FCJU!!