Interview mat eisem Kapitän Correia Hugo


26 March 2021

1. Wéi hues du déi aktuell Covid Situatioun interne an der Ekipp erlierft?

Ech haatd’Gefill een enttäuschten Grupp ze gesinn an daat ass ganz einfach ze erklären. Nom Fehlstart, wou mir déi eischt Mätcher net am Championnat konnten Punkten, sinn mir an der Coupe de Lëtzebuerg géint den Avenir Beggen trotz  der Nidderlaag am Elefmeeterschéissen mat breeder Broscht vum Terrain gaangen an mir hunn eis Virgeholl déi Leeschtung vun deem Dag, am Championnat ze weisen.
D’Resultat war 5 gewonnen Mätcher vun 6. Den Grupp war richteg motivéiert an daat huet een och un den Trainingspräsenzen gesinn. Dofir war d’Enttäuschung immens grouss am Grupp, bei den Spiller an och am Trainerstaff.
 Ënn November wéi mer an 4er Gruppen konnten trainéieren hunn mir dann rëm eng Präparatioun gemeet mat der Hoffnung dass den Championnat rëm gestart géif ginn. Wéi d’Décisioun gefall ass dass keng Reprise vum Championnat wäert stattfannen hunn mir decidéiert mool eng Paus ze maachen. Mir hun während 3 an een Halwen Mount trainéiert an trainéiert mee zuletzt gouf dann awer alles oofgesoot.
All Respekt un den ganzen Grupp dofir!

2.Wéi geséis du Entwecklung vum Veräin?

D’Entwécklung huet virun enger ganz Réi Joren ugefaangen. Wéi ech am Mee 2008 mäin eischten Mätch mat der 1. Ekipp gespillt hunn géint den Norden 02, do waren mir Tabellenläschten an der 2. Divisioun, d’Ekipp war een Mix vun ganz Jonk spiller an éischter méi eeler an erfueren Spiller.
No puer Joren an der 3. Divisioun hunn mer dunn den Sprong an d’2t Divisioun gepackt. An der 2ter Divisioun haaten mer puer Schwieregkeeten, wou mer 2 Saisons hannerdeneen just dran bliwwen sinn.
Dunn hunn mer rëm een Schratt gemeet wou mer eis an der 2ter stabiliséiert hunn an och do konnten mer een Opstiig an déi 1te Divisioun realiséiren, wou runner een gesäit dass mer an deenen läschten Joren eng Entwécklung gemeet hunn. Et waren immens Schwiereg Zäiten dobäi, wou mer net vill Spiller haaten, puer Traininger wou mer just zu 5 Leit do waren.
Virun 10 Joer waren mer an der 3ter Divisioun am ënneschten Deel vun der Tabell, wou mer dann baal eng vun deenen schlechsten Ekippen am Land waren an haut spillen mer 1t Divisioun, ech mengen daat seet genuch vun eiser Entwéckelung.
Dëst Joer haaten mer wahrscheinlech een vun deenen jenksten Kaderen vun den läschten Joren, an daat fannen ech immens positiv! Wann een den Réckbléck vun deenen Joren mëscht, dann sinn ech och an der Entwécklung vum Veräin mat involvéiert gewiecht, an mat grousser Freed kann ech behaapten dass den Useldénger Veräin um richtegen Wee ass. D’Ziil muss et elo sinn, eis puer Joren an der 1ter Divisioun z’établéieren fir déi ganz Entwecklung ze bestätegen.

3. Waat sin deng Erwaardungen un den Verain fir Zukunft?

Meng Erwaardungen sinn wéi gesoot dass mir eis weider an der 1ter Divisioun mussen établéieren an eis do beweisen. Virun 2 Joer waren mer och opgestiigen, an d’Joer drop waren mer rëm an der 2ter Divisioun an genau esou Feeler däerfen mer eis net erlaaben wann mer 1t Divisioun wëllen spillen.

4. Waat war dein schéinsten Moment beim FCJU?

Schéin Momenter mat den Bloen Faarwen haat ech der immens vill. Do ginn et vill Geschichten an der Buvette, am Vestiaire, um Terrain, etc. Mee déi schéinst Momenter sin ganz kloer eis Opstiigsféieren, zumols déi vun 2017/2018 an d’1t Divisioun!

5. Spills du och nächst Saison fir den FCJU oder hues du aanner Pläng?

Jo och d’nächst Saison spillen ech nach ëmmer fir den FCJU. Daat wäert dann meng 14. Saison sin wou ech fir den FCJU spillen, an nach ëmmer mat der selwechter Motivatioun wéi firun 14 Joer! Ech frëen mech op déi nächst an herausfuerdernd Saison mat den bloen Faarwen!

6. Wéi ass et dozou komm dass du dem Verain schon sou laang Tréih bass?

Wann ech kucken mat weem ech an der 1. Ekipp ugefaangen hunn mat spillen, daat waren alles Tréih an Stack Useldenger déi Joren laang fir Useldéng gespillt hunn an déi hunn engem puer wichteg Saachen vermëttelt. Do huelen ech als Beispill: Jean Reding, Pol Reding, Thierry Bodem, Jacques Boudler, Jimmy Dasbourg an een deen een enormen Afloss haat den Alain Hemmer! Ech war all Joer am 1.Ekipp Kader an all Trainer huet mat mir gerechent an hunn och vill Mätcher konnten spillen, déi eng Saison méi wéi dei aner mee daat gehéiert zum Fussball dozou.
Wann ech op der Bänk war dann hun ech daat akzeptéiert an hunn mech dann um Training missten beweisen fir mir eng Chance ze erkämpfen. Als Golkipper kritt een déi Chancen net oft, mee wann een se kritt dann muss een Prêt sinn.
FCJU an Hugo daat ass eben eng Bezéihung déi schon Jorenlaang dauert, an eng immense gudd Bezéihung.
Als Kapitän an als Useldénger Spiller soen ech villmols merci fir d’Vertrauen vum Comité, an un all déi Traineren déi ech bis haut haat. 



Villmols Merci Hugo!