Bericht coupe de Luxembourg


10 September 2020

Geschter hun eis Männer an der Coupe de Luxembourg zu Beggen geint den Avenir gespillt.

Noom schlechten Start am Championnat wollt eis Equipe eng Reaktioun weisen an daat as  gelong.

Mir waren direkt am Mätch an hun Beggen net spillen geloos. An den 1ten 45 Minuten stungen mir Kompakt an hun den Ball laafen geloos. Beggen haat just 1 Goolchance an daat war an der 28ter Minute wou een Kappball driwwer gaangen as. Eis éischt Goolchance haat den Adis Civic wei en, een wonnerschéinen Fraistouss knapp laanscht den Gool zirkelt. Dono huet eis Equipe weider probéiert Drock ze maachen. An der 38ter Minute dann den gool fir eis Faarwen den Daniel Adam spillt an Déift op den Alex Freymann deen loppt den Ball iwwert den Keeper an markéiert den 0-1. Zudem Zeitpunkt war daat absolut verdingt. Mat dem Resultat as et an Paus gaang.

No der Halbzeit as Beggen méi staark gin, mee eis Defense huet weider dogéint gehaal. An der 53ter Minute haaten mir déi riesen Chance den 0-2 ze markéiren daat wei den Freitas Joao iwwert lénks duerch geed den Ball en retrait op den Alex Freymann passt deen kritt Ball net op den Gool mee schéisst knapp driwwer. Wéi sou oft am Fussball, wanns de se net fir ran schéiss dann kriss de en hannen geschoss. An der 55ter Minute setzt sech een Spiller vum Avenir lénks duerch, passt an Mëtt an den Stiermer Do Rosario hummert den Ball ennert Laat zum 1-1 keng Chance fir den Correia Hugo. Useldeng huet weider nofir gespillt an wollt direkt eng Äntfert gin mee déi lescht Pass huet gefeelt. An der 68ter haat den Adis Civic nach eng Chance daat mat engem Fallrückzieher deen och knapp driwwer gaangen as. An der 75ter Spillminute dann Féierung fir den Avenir Beggen, rem setzt een Spiller sech lénks duerch, passt an Mëtt an rem war den Stiermer Do Rosario do an sëtzt den Ball ënnen riets an den Eck 2-1. Useldeng huet weider nofir gespillt an wollt onbedengt deen Ausglaich packen. An der 90ter Minute huet den Adis Civic  per Fraistouss den Ball un Laat gesaat. Dono an der 90+5 kruut Useldeng een Elefmeter wéi den Dritro Kelmendi gefoult gouf. Den Adis Civic vewandelt souverän zum 2-2. Dono huet et Verlängerung geheescht. 

An der Verlängerung as kenger Equipe méi den Gool gelong et goung an Elefmeterschéissen. Wou mir um Enn leider mat 7-6 verléiren.

Mee op des Leeschtung muss opgebaut gin. Et war eng ganz staark Prestatioun vun eiser Equipe.

En Sonndeg fueren mir op Echternach an wärten alles drun sëtzen déi éischt Punkten matzebrengen.