1te Victoire vun eiser Equipe


14 September 2020

Geschter stung deen 3ten Spilldaag um Programm

Useldeng war zu Echternach op Besuch, no deem gudden Mätch zu Beggen wollt Equipe déi éischt Punkten huelen!

Vun der 1ter Minute uns huet Useldeng no fir gespillt an och an den Zweekämpf war Equipe aus dem Buergduerf méi sprëtzeg wei Equipe vun Echternach.
An der 11ter Spillminute dann den verdingten 0-1 fir Useldeng, daat wéi den Rinor Kelmendi tëscht Verteidegung vum Daring Echternach op sein Brudder Dritro Kelmendi passt an deen bleift eiskaal an netzt ënnen riets an den Eck. An der 19ter Minute dann direkt den 0-2, den Joao Freitas gett op der rietser Seit frei gespillt deen spillt en retrait op den Adis Civic, den Adis versenkt den Ball wonnerschéin an den lénksen Eck.
Dono huet Useldeng duerch Fehlpassen Echternach besser an den Mätch bruescht 1x huet den Hugo Correia gerett an 1x den Poteau. 0-2 fir Useldeng war och Pausenresulat.

No der Paus an der 46ter Minute spillt den Adis Civic een wonnerschéinen Ball an schnëttstell vun der Verteidegung vum Daring Echternach, den Joao Freitas leeft alleng op Gool an bleift souverän an markéiert den 0-3. Dono haat Useldeng weider Chance mee hun et net färdeg bruet den 4ten Gool ze maachen. Dono huet een gemengt den Mätch wier entscheed daat och well béid Equipen hun missten leschten Mëttwoch an der Coupe de Luxembourg 120 Minuten spillen.
An der 86ter Minute zitt een Spiller vum Daring vun 25 Meter oof den Ball flattert ennert Laat. 1-3. Nemmen 2 Minuten méi spéit kritt Echternach een Fraistouss deen schaarf bei den Gool kënnt, Useldeng probéiert mam Kapp den Ball ze klären an do do duerch geed den Ball an den Gool, nëmmen nach 2-3. 5 Minuten Nospillzeit stungen um Programm an Echternach huet alles probéiert fir den Punkt nach ze kréien, doduerch kruut Useldeng nach eng Réih Konterchancen. An der 95ter Minut dann awer Entscheedung, den Adis Civic gëtt am 16er geluescht an kréint seng Leeschtung per Elefmeter op 2-4!

Domat gewennt Useldeng den éischten Mätch och wann et zum Schluss nach eemol spannend gouf héich verdingt mat 2-4. 

Nächsten Rdv as en Sonndeg hei Heem geint Fc 47 Bastendorf.

Allez Useldeng!