Spillbericht 8ten Spilldaag


13 October 2020

Leschten Sonndeg huet den Geigner fir den 8ten Spilldaag US Feelen geheescht.

No der batterer Néierlaag um Norden wollt eis Equipe onbedengt rem Punkten huelen.

Se waren iwwert den ganzen Mätch kloer déi besser Equipe daat eenzegt waat een kann kritiséiren as Chancenverwertung.

An der 1ter Halbzeit haaten Gäscht an der 3ter Minute eng ganz gudd Chance fir an Féierung ze goen mee den Hugo Correia huet daat verhënnert. Dono war et just nach Useldeng déi zu ganz gudden Chancen komm sin mee se net verwärt hun. An der 33ter Minute kruut Useldeng een Elefmeter deen den Adis Civic awer net eran kruut. En sollt daat awer an der 44ter Minute besser maachen, no schéiner Firlaag vum Kelmendi Dritro, spillt den Adis Civic deen Ball eiskaal flaach laanscht den Goolkeeper. Den Héich verdingten 1-0. Dono war Halbzeit.

No der Halbzeit huet Useldeng weider nofir gespillt an wollt séier den nächsten Gool fannen. Et huet bis dei 59te Minute gedauert wei den Adis Civic den Skrijelj Edvin an Szene setzt desen Zitt an den 16er an Schéisst den Ball an den kuerzen Eck fir den 2-0.

Den 3-0 fällt an der 73ter Minute wéi den Adis Civic en freistouss vun 18 Meter laanscht Mauer an den Goolkeepseck schéisst.

An der 79 Minute erhéicht den Muniken Quentin op 4-0 no Firlaag vum Kelmendi Dritro hummert den Quentin den Ball ennert laat an den Wénkel.

Um Enn gewënnt Useldeng héich verdingt geint Equipe vum US Feelen.

Mir wënschen dem Spiller vun Feelen deen mat der Ambulanz an  Klinik gefouert gin as eng gudd Besserung!

Allez FCJU!