Spillbericht 5ten Spilldaag


24 September 2020

Geschter stung den 5ten Spilldaag um Programm an daat den Derby tëscht dem US Béiwen an dem Fc Jeunesse Useldeng.

Et waren déi Useldenger déi vun der 1ter Minut uns dominéiert hun an Béiwen guer net an den Mätch kommen geloos huet.

Béiwen stung hannendran an hun op Konter gelauert. 

An der 21ter Minute war et een Fraistouss fir den FCJU vum Adis Civic deen den Goolkeeper vun Béiwen nach knapps iwwert den Gool lenken konnt.

Spillerech war den Fc Jeunesse Useldeng kloer besser mee déi lescht Pass huet gefehlt fir kloer Goolchancen ze kréien.

Halbzeit 0-0

No der Paus huet een weider gemierkt dass d'Equipe aus dem Buergduerf méi Aktiv war an weiderhin den Wee nofir gesicht huet an daat emmer besser geklappt huet. 

62ter Minute gouf den Kalabic Emko an aktioun gesaat an zitt oof, den Goolkeeper lenkt den Ball nach un den Poteau. 

Puer Minuten méi spéit koum eng schéin Flank vum Freitas Joao op den  Freymann Alex deen  ganz alleng an der Mëtt steet an een Kappball probéiert mee  den Ball net trëfft.

An der 71ter Minute haat den Us Béiwen och eng ganz gutt Chance no engem Fraistouss lenkt den Hugo Correia den Ball an den Corner.

An der 77ter Minut sollt dann awer den verdingten Gool faalen fir den Fc Jeunesse Useldeng daat no super passen am Mëttelfeld spillt den Kalabic Emko eng schéin Pass op déi riets Seit op den Freitas Joao, deen leeft iwwert riets duerch an passt perfekt zreck op den Elefmeterpunkt, wou den Ramdedovic Albert zum 1-0 fir seng Faarwen eransetzt.

Useldeng haat weider chancen fir den Saack zouzemaachen mee den Ball huet sein Wee net an den Gool fonnt.

D'Equipe vun Béiwen huet nach emol alles nofir geheit mee Useldeng war an der Verteidegung souverän.

Um Enn gewennt Useldeng den Derby héich verdingt geint den US Béiwen mat 0-1!

Allez FCJU!