Spillbericht 4ten Spilldaag am Championnat


21 September 2020

Geschter stung den 4ten Spilldaag um Programm

Useldeng haat den Fc 47 Baastenduerf op Besuch an wollt no der Victoire geint Iechternach noleen.

Vun der 1ter Minut uns war et Jeunesse Useldeng déi méi Ballbesëtz haat daat well Baastenduerf sech méi op Verteidegung konzentréiert huet an op Komter gelauert huet. 

Vun Goolchancen gëtt et vun der 1ter Halbzeit net vill ze berichten. Gäscht haaten an der 28ter Minute eng gudd Chance daat wéi no enger Flank den Correia Hugo den Ball net konnt festhaalen an dofir awer mat enger gudder Parad den 0-0 hällt. 

Useldeng haat awer déi bescht Chance an daat an der 36ter Minute wei een Chipball op den Freitas Joao kënnt an deen komplett frei fierum Goolkeeper vun Baastenduerf optaucht mee en knapp laanscht den Gool schéisst. Jiddereen huet schon mat engem 0-0 an der Halbzeit gerechent. An der 45ter Minute geed Useldeng dann awer nach an Féirung, daat wéi een laangen Ball nofir op den Alex Freymann kënnt deen leet mat der Hack dem Kelmendi Dritro den Ball an den Laaf, den Dritro bleift eiskaal an netzt ënnen riets an den Eck. Dono as et mam Resultat 1-0 an Paus gaang.

No der Halbzeit huet Baastenduerf direkt probéiert nofir ze spillen an konnten an der 48ter Minute Ausgleichen, wéi eng Flank an Mëtt komm as, an den Spiller vum FC 47 Baastenduerf een Useldenger Spiller unkäppt, den Ball gett oofgefälscht keng Chance fir den Hugo Correia 1-1.

Den FCJU huet séier probéiert rem een Gool ze fannen an haaten an der 54 Minute déi Riesenchance fir den 2-1, den Joao Freitas brengt eng schéin Pass op den 2ten Poteau wou den Kelmendi Dritro komplett fréi steed an awer den Ball laanscht den Gool schéisst.

An der 60ter Minuten schéckt den Albert Ramdedovic den Joao Freitas alleng op den Gool, den Joao probéiert laanscht den Goolkeeper ze dribblen mee den Keeper vun den Gäscht kritt gerett.

Nëmmen 2 Minuten méi spéit dann awer rem déi verdingten Féirung fir den Fc Jeunesse Useldeng. Den Albert Ramdedovic brengt vun der rietser Seit eng fest Flank op den 2ten Poteau wou rem den Kelmendi Dritro gelauert huet, een Verteideger vun Baastenduerf probéiert den Ball ze klären mee schéisst en Selbstgool fir den 2-1.

Dono huet Useldeng nët méi vill zou geloos, Verteidegung war bei all Aktioun wou den Fc 47 Baastenduerf probéiert huet fir nach een Punkt ze kréien op der Héicht.

Um Enn kruuten béi Equipen nach eng Giel-Rout Kaart (88ter an 90ter)

Dono war Schluss, Useldeng gewënnt domat deen éischten Heemmätch an der Saison!

Ball de Match gouf gesponsort vum Carlo Lampertzt. Dofir een groussen Merci.

Weider geet et schon en Mëttwoch am DERBY Auswärts geint d'Us Béiwen!

Allez FCJU!