De.17.02.15

Sen 1

Käerch/Simmer - Useldeng (0:1) 2:3

19:30 Auer

Useldeng: Correia Hugo, Hemmer Alain, Da Cruz Daniel, Palumbo Davide, Smit Jan, Evrard Jerome, Keserovic Ramo, Huet Claude, Ismaili Leo, Mahovac Admir, Alibasic Sanel, Marques Filipe, Ismaili Quendrim, Adam Daniel, Hunnewald Paul

Terrain: Käerch Synth.

Arbiter:

Goaler: Mahovac, Adam, Adam

Giel Kaart:

Roud Kaart:

Den Trainer nom Match: Gudd 1.hz vun éiser Equipe och wann et en hekteschen Match war, wou mär et net färdeg bruecht hunn, rouh dran ze kréien. Engagement a Wëllen hun awer gestemmt. Déi 2.hz war, och bedéngt wéinst Spillerwiesel op denen 2 säiten, nach méi zerfueren. No schlechten 20 minute no der Paus hu mär et awer nach färdeg bruecht de Match an denen leschten Minuten ze dréien.War alles an allem e gudden leschten Test géint éng gudd équipe vun Kärch déi secherlech wärt opsteigen.



Fr.13.02.15

Sen 1

Useldeng - Pärel (2:0) 7:0

20:00 Auer

Useldeng: Correia Hugo, Dos Santos Ricardo (Smit Jan), Hemmer Alain, Evrard Jerome, Keserovic Ramo, Huet Claude, Ismaili Leo,  Alibasic Sanel, Marques Filipe, Ismaili Qendrim, Schmitz Yves, Hunnewald Paul

Terrain: Useldeng

Arbiter:

Goaler: Evrard, Hemmer, Ismaili L. (3X), Ismaili Q., Alibasic

Giel Kaart:

Roud Kaart:

E Kommentaire vum Lucien Waltzing: Déi éischten 5 Minuten waren ausgeglach. No dësem Ôftaschten as et dun awer lass gang. Eis éischt Equip huet Gas gin. Eis offensive Leit hu gepresst. Op Meppy, Léo, Sanel oder Alain; sie hun all der Päreler Verteidigung keng Zeit gelooss, propper hannen eraus ze spillen. Wat dobei eraus komm as, war erfrälech. Nämlech 2 Goaler duerch de Léo an de Meppy. 10 Minuten virun der Halbzeit kruten déi Päreler ëbessen Loft, a konten ërem mat spillen. Mat 2-0 as et dun an d'Paus gang. Nohdém d'Spiller dem Annie sein guden warmen Téi geschlürft haten, as et dun weider gang. An zwar ähnlech wéi déi 1scht Halbzeit. Den Traîner wiesselt de Jan fir de Ricardo. No enger Stonn waren déi Pärel mit. Dëst duerch den héigen Lâf Obwand dén eis Jonge bedriwen hun. D'Goaler schéissen as méi einfach gin. Én neit Ziel huet missen hér, an zwar fir zu Null ze spillen. A schons mecht dén Hugo én onglecklechen Ausflug 'aus dem Strôfraum'. Villaicht as hien grad doduerger nit gestrôft gin? Schlussendlech wënt eis 1. Equip dann och zu Null, nämlech 7-0 géint Pärel. Duerch weider Goaler vun Alain, 3x Léo a Quendrim. Alles an Allem én guden Optrët vun eiser Équipe, wou én kén Énzelen soll eraus hiewen. Wa mir esou geschlossen, als Equip, zu Housen optréden, Buergsonndeg, dann sin ech iwerzégt dat mir do nit verléieren. Bonne Chance do fir! Merci Lull

 

Mé.09.02.15

Sen 1

Béiwen - Useldeng 3:1

19:30 Auer

Useldeng: Correia Hugo, Schmitz Yves (Smit Jan), Keserovic Ramo, Hemmer Alain, Ismaili Qendrim (Huet Claude), Alibasic Sanel, Da Cruz Daniel, Palumbo Davide, Evrard Jerome (Ismaili Leo), Adam Daniel (Mahovac Admir), Dos Santos Ricardo (Marques Filipe)

Terrain: Préizerdaul Synth.

Arbiter:

Goaler: Alibasic Sanel

Giel Kaart:

Roud Kaart:

Den Trainer nom Match: Wéi een schons un de Géigengoaler gesäit sinn mär net gudd an de Match komm. Déi 1t 10 Minuten waren net gudd, a mär hunn e bessi gebraucht fir an de Match ze kommen. Bis d'Paus waren mär awer defensiv gudd organiséiert an hunn kéng wéider Goalchancen zougeloss... Mär dogéint haaten 2 gudd Chancen woubéi éng ennert d'Rubrik 1000% fällt.

Déi éischt véirel Stonn war dunn erem nervös (deelweis bedéngt duerch 4 Spillerwiesel), an d'Quittung géint éng 1t Divisioun kritt een direkt a form vun 2 Géigengoaler an du war et natirlech gelaaf.. Respekt awer dat mär de Kapp net hänken gelooss hunn, an wou een kont färten dat mär elo éng Packung kréien, hu mär éis an de Match gebass a sinn erem méi stark ginn.

D'Belounung war den iwwerfällegen 1-3 kuerz virun Schluss.

Als Fazit kann een soen dat mär bis op 25 Minuten vum Match gudd organiséiert waren an och net vill zougelooss hunn. Mär mussen allerdéngs iwwert déi ganz 90 minuten konzentréiert bléiwen, an déi domm Feeler déi éis ennerlaafen, oofstellen.

Astellung an Kampfgeescht waren gudd, an d'Ballsecherheet musse mär éis an denen 2 Matcher déi éis virum Championnat bléiwen, an am Training huelen...

E fréiden spillen mär zu Useldéng géint Perlé

 

De.03.02.15

Sen 1

Brouch - Useldeng 2:1

19:30 Auer

Useldeng: Correia Hugo, Keserovic Ramo, Hunnewald Paul (Huet Claude), Hemmer Alain, Smit Raphael, Alibasic Sanel (Goncalves Filipe), Palumbo David, Da Cruz Daniel, Dos Santos Ricardo (Ismaili Leo), Evrard Jerome (Mahovac Admir), Adam Daniel

Terrain: Brouch

Arbiter:

Goaler: Evrard Jerome

Giel Kaart:

Roud Kaart:

Den Trainer nom Match:

 

 

 

 

Brouch-Useldange: 0-10

 

Useldange-Colmar-berg: 1-1 ( an der Paus  wéinst Donnerwieder ofgebrach)


Useldange-Brouch: 3-2


Useldange-Heiderscheid: 5-1


Useldange-Préizerdall: 10-0


Useldange-Paffendall: 3-1


Vianden-Useldange: 0-1


Useldange-Merl: 0-3