An der Coupe Sen.2 sin mir an den 2ten Tour agezunn.

Zu Medernach gewannen mir mat 0:4.

Den 0:1 fällt duerch den Yannick. Een Solo iwert die riets Seit gett mat engem drechnen flachen Schoss an den kuerzen Eck vollend.

Den 0:2: Corner vum Yves, um 2ten Poteau steet den Daniel ganz eleng an setzt mam Kapp eran.

Den 0:3 war en Elefmeter. Den Yves setz en flach riets-metteg eran, woubei en den Goolkipp schein verlueden huet.

Pausenresultat 0:3. Net dei bescht 1t Halschent, mee den Geigner huet eis dei Meiglechkeeten gin an mir haaten der nach epuer, allerdengs war eis Hannermannschaft och net emer op der Heischt, sou dass den Christophe och eenmol in extremis retten misst.

No der Paus ass laang keen Gool gefall. Mir hun daat gereiert an den Christophe haat just en Ball op d'Laat ze lenken.

Den 0:4 huet den Raphael markeiert no Duercherneen am 16m huet den Raph mat der Picke eragesaat.

Sou steet Useldeng II an der 2ter Ronn, no der Victoire geint eng Equipe aus der 3ter Klass.