Spillberichter Sen2 2015/2016

4. Klass 2. Serie

1. Spilldag

Fr.04.09.15

Sen 2

Brouch - Useldeng 1:5

20:00 Auer

Useldeng: Sadler Jeff, Thoss Steve, Huet Claude, Pick Denis, Miranda Bruno, Correia Ruben, Saurfeld Sam, Heirendt Jerome, Antonacci Domenico, Mahovac Admir, Denelle Joe. (Noesen Max, Boudler Jacques, Hendel Jean-Luc, Dasbourg Jean-Paul)

Terrain: Brouch (Synth)

Arbiter:

Goaler: 2x Mahovac, Noesen, Miranda, Boudler

Giel Kaart:

Roud Kaart:

E Kommentaire vum Jimmy Dasbourg: Mir hun 10 Minuten gebraucht fir an de Match ze kommen....

Do hu mir awer guer net gudd gespillt...

Duerno hu mir awer ee Goal markéiert an een zweeten no geluecht duerch 2x den Admir....

Dun hu mir de Ball zäiiteweis gudd laafe geloos an et waar eng Fro vun der Zäit wéini mir deen drëtte Goal machen...

Dun hun mir iwert eng ganz schéin Spillaktion...Jérôme- Mimo- Sam- Max.... an et war dun och de Max deen onsen drëtte Goal markéiert huet... super gespillt!!!!...einfach formidabel!

Déi lëscht 15 Minuten virun Halschent waar Brouch besser an Si hun och verdingt ee Goal markéiert!

No der Halbzeit hu mir de Match kontrolléiert...

Brouch huet probéiert mee mir stungen gudd!

Duerno hu mir nach zwee Goaler gemeet duerch den Bruno an de Jacques... de lëschte Goal war och erem  fir ze  Genéissen duerch eng super Viirarbecht vum Mimo op de Jacques an daat  an Ënnerzuel... wel den Denis kuerz virdrun eng Giel/Rout Kaart gesin huet!

Ech muss einfach soen eng gudd Leeschtung fir den éischte Match vun der Saison!

Wichteg:

Ech wënschen dem Mahovac Admir awer nach eng gudd Beeserung...

hien huet mussen mat der Ambulance an Clinique gefouert gin...ech hoffen et ass net ze schlemm!

Kapp héisch Admir... déi ganz équipe denkt un dech! Merci Jimmy

 

2. Spilldag

Fr.18.09.15

Sen 2

Useldeng - Reisduerf (3:0) 5:0

20:00 Auer

Useldeng: Correia Fabio, Kabongo Evariste, Saurfeld Sam, Schaus Pol, Correia Ruben, Smit Raphael, Correia Rafael, Denelle Joe, Schartz Mike, Gomes Tiago, Hunnewald Paul, Noesen Max, Dos Santos Ricardo, Hendel Jean-Luc.

Terrain: Useldeng

Arbiter:

Goaler: 4x Smit, Schaus

Giel Kaart: Correia Ra.

Roud Kaart:

Den Trainer nom Match:

 

3. Spilldag

Fr.25.09.15

Sen 2

Fiels - Useldeng (1:0) 1:1

20:00 Auer

Useldeng: Salder Jeff, Schaus Pol, Huet Claude, Kieffer Kevin, Saurfeld Sam, Smit Jan, Ismaili Leotrim, Correia Ruben, Frank Pit, Correia Rafael, Gomes Tiago. (Noesen Max, Denelle Joe, Dos Santos Ricardo, Correia Fabio)

Terrain: Fiels (Synth.)

Arbiter: LOETSCH Hans

Goaler: Ismaili

Giel Kaart: Sadler, Schaus

Roud Kaart:

Den Trainer nom Match (Jimmy): Et waar kee gudde Match vun eiser Equipe...

Mir hun de Punkt geklaut...

Mir hun einfach zevill Bäll verluer an am Stuerm kee Ball behaal...

Eis Stiermer krute gesoot fir emmer erem direkt ugréifen ze goen...ass awer nit gemeet gin...

Am Mettelfeld ass iwerall gespillt gin awer keen huet  daat gespillt waat hien soll spillen....

an eis Hannermannschaft waar zäiteweis iwerfuedert!

Also ee Match fir séier ze vergiessen!

E Kommentare vum Lucien Waltzing: Obschon mir vill Féhlpassen gespillt hun, an d'Equipe ëbëssen nervös agéiert huet, hun eis Spiller déi 1ten Halbzeit dominéiert. Villaicht huet et drungeléen dat kén vun eisen âlen Hären op dem Terrain stung

 

4. Spilldag

De.13.10.15

Sen 2

Useldeng - Miedernach (1:0) 4:1

20:00 Auer

Useldeng: Correia Fabio, Thoss Steve, Schaus Pol, Huet Claude, Kieffer Kevin, Miranda Bruno, Heirendt Jerome, Correia Rafael, Ismaili Leotrim, Correia Ruben, Schmitz Yves, Denelle Joe, Noesen Max, Schartz Mike.

Terrain: Useldeng

Arbiter: Goncalves Fernandes Miguel

Goaler: 2x Correia R., Ismaili, Schmitz

Giel Kaart:

Roud Kaart:

Den Trainer nom Match (Jimmy): Mir waaren déi éischt 20 Minuten déi bessser Équipe a sin dun och verdingt mat 1-0 a Féierung gang... duerno waar Medernach besser...

Mir hun zu deem Zäitpunkt am Mettelfeld einfach kee Ball behaal...a mir sin ebëssen glëcklech mat 1-0 an Halschent gaang!

No der Halschent hu mir besser gepillt... mir waaren méi aggressiv an hun och verdingt nach dréi Goaler geschoss... sou daat mir de Match op Grond vun der zweeter Halbzeit och verdingt mat 4-1 gewonn hun!

Ech sin ganz Zefridden mat der Leeschtung vun der ganzer Équipe...

Lo heescht et e Freideg de nexte Match zu Ëlwen  ze gewannen!

 

5. Spilldag

Fr.16.10.15

Sen 2

Elwen - Useldeng 1:10

20:00 Auer

Useldeng: Sadler Jeff, Noesen Max, Schaus Pol, Huet Claude, Smit Jan, Heirendt Jerome, Ismaili Leotrim, Correia Fabio, Schmitz Yves, Denelle Joe, Ismaili Quendrim, Saurfeld Sam, Hendel Jean-Luc, Dasbourg Jean-Paul

Terrain: Elwen

Arbiter: Hansen Joseph

Goaler: 3x Correia, 3x Ismaili L., Schmitz, Ismaili Q., Smit, Heirendt

Giel Kaart:

Roud Kaart:

Den Trainer nom Match (Jimmy): Mir hun de Match gudd ugefaang a mir hun och séier 4 Goaler gemeet... duerno hu mir gespillt wéi eng "All Härenéquipe"... keen Tempo ... nemmen laang Bäll... eenzel Aktiounen... kee Ball ofgin...!

No der Halbzeit hu mir dun ebëssen besser gespillt mee et waar nach nit gudd...mir hun nach 6 Goaler  geschoss... mee hätte mir de Ball richteg laafe geloss, da wier nach eent vill bessert Resultat dran geweescht...!

Trotzdeem sin ech mam Resultat zefridden... awer sou wéi mir gespillt hun, sin ech guer nit zefridden!

 

6. Spilldag

Fr.23.10.15

Sen 2

Useldeng - Préitzerdaul (0:0) 0:5

20:00 Auer

Useldeng: Sadler Jeff, Thoss Steve, Huet Claude, Pick Denis, Miranda Bruno, Meireles Tiago, Smit Jan, Saurfeld Sam, Heirendt Jerome, Schaus Pol, Denelle Joe, Frank Pit, Noesen Max, Boudler Jacques.

Terrain: Useldeng

Arbiter: Goncalves Fernandes Miguel

Goaler:

Giel Kaart:

Roud Kaart:

Den Trainer nom Match (Jimmy): Déi éischt Halschent hu mir nach gudd mat gehaal... mir haaten och den 1-0 geschoss mee den Arbiter huet eis dee Goal net gudd geheescht Hien huet op Abseits entscheed waat awer leider keen Abseits waar!!!!

Schued soss wiere mir mat 1-0 an Paus gaang!

No der Halbzeit ass eis lues a lues d'Loft aus gaang...

Nodeems mir  dun 2-0 hanne waaren haate mir awer nach gudd Geleenheeten  fir den 2-1 an souguer den 2-2 ze maachen

A wa  mir déi genotzt hätten, da wees nach keen wéi de Match ausgeet!

Ech sin awer realistisch, den Préitzerdaul huet haut  verdingt gewonn si waren déi vill besser équipe!

Trotzdeem haat ech mir awer eent aanert Resultat erwaard!!!!

 

7. Spilldag

Me.04.11.15

Sen 2

Chrechtnech - Useldeng 2:8

20:00 Auer

Useldeng: Sadler Jeff, Denelle Joe, Reding Jean, Schaus Pol, Noesen Max, Miranda Bruno,  Ismaili Leotrim, Correia Fabio, Correia Ruben, Correia Rafael, Hendel Jean-Luc (Dasbourg Jean-Paul, Schlechter Marc)

Terrain: Chrechtnech

Arbiter: Schilz Herbert

Goaler: 5x Correia F., Correia Ru., Correia Ra, Schlechter

Giel Kaart: Reding

Roud Kaart:

Den Trainer nom Match (Jimmy): Mir hun de Match gudd ugefaang a mir sin och séier mat 3-0 a Féierung gaang duerch eis drei Correia Spiller (Rafael,Fabio,Ruben, )... dun hu mir hinnen ee Goal geschenkt et waar een Abseitsgoal  deen  awer nach ze vermeiden waar....!

Duerno huet  eise Goalgetter de (Correia Fabio) erem lass geluecht an hien huet nach zwee weider Goaler virun der Paus markéiert!

Direkt no der Paus haat de Fabio nach nit genuch an huet mol direkt nach zwee weider Goaler markéiert

(Do muss ech awer soen all Respekt Fabio daat muss ee mol machen 5Goaler an engem Match... Top!!!)

Nodeems mir de leschten Goal duerch den

Schlechter Marc gemeet haaten... hu mir einfach opgehaal mat Fussball spillen a mir waaren guer net méi am Match, sou daat Krëschtnech och nach verdingt zu hirem zweete Goal koum!

Ech muss soen et waar eng korrekt Leeschtung mat engem Resultat waat och gestëmmt huet!

SUPER USELDENG!!

 

8. Spilldag

Do.12.11.15

Sen 2

Useldeng - Bourschend (3:1) 7:3

20:00 Auer

Useldeng: Correia Fabio, Ismaili Leotrim, Heirendt Jerome, Correia Rafael, Skrijelj Elvedin, Schaus Pol, Correia Ruben, Lill Yves, JeanPaul Max, Kieffer Kevin, Reding Jean, Noesen Max, Frank Pit, Denelle Joe

Terrain: Useldeng

Arbiter: Leweck Johny

Goaler: 3x Correia Ru., 3x Skrijelj, JeanPaul

Giel Kaart: Frank, Heirendt

Roud Kaart:

Den Trainer nom Match (Jimmy): Ausser déi 7 Goaler déi mir geschoss  hun... hun ech haut nit vill positives gesin....

Mir hun schlecht gespillt...

Ech sin einfach enttäuscht vum deem ganze Match!!!