Leschten Spillbericht am Joer 2014

Coupe FLF

Naerzeng- FC Jeunesse Useldeng 5:6

Hugo; Pit, Alain, Claude, Quen; Alban, Sanel, Filipe, Daniel; Ricardo, Meppy
Reserve: Trainer, Eric, Yannick

Geschter Metten um 14h gouf desen Match ugepaff. Um 14h 0 Min 40 Sek stung et schon 0:1. Den Meppy scheckt den Daniel mat enger Pass an Deift an deen setzt zum 0:1 eran.

Dunn ass eng 15 Minutten manner geschitt, bis den Meppy rem den Ricardo bedengt huet an schwups stung et 0:2.

Wat waer dann sou een Coupe Match ouni e bessen Spannung, dat huet den Hugo sech och geduecht an huet dunn am 5m bei engem Dribbling den Ball verluer an et stung 1:2.

No enger Flank huet den Daniel den Kappballduell geint hieren Goolkipp gewonnen 1:3

Den 1:4 an 1:5 waren fier den Alban. Den eischten Gool geet en iwer riets duerch an leet en lanscht den Goolkipp. Sein zweeten kritt en um 5m den Ball an setzt en eran. Ech mengen sou an dem Genre waren se, mee bei 11 Gooler ass et net mei sou evident.

Mat deem Score ass et an d'Paus gangen. Den Yannick koum fier den Filipe.

No engem Corner ass den freien 2:5 gefall. Dei 2t Halschent hun mir net mei gudd gespillt. Den 3:5 an den 4:5 hun zur Physionomie vum Match gepasst. Mir waren net mei sou konsequent, an streng geholl haaten mir och an der 2ter Halschent just 2 gudd Goolchancen: een Kappball vum Daniel knapp lanscht den Poteau, an den Meppy mat engem Schoss iwert den Goal. Den 4:6 war et erem den Alban deen domadder sein Hatrick perfekt mecht.

Kuerz virun Schluss sin si nach eng Keier un 5:6 rukomm, wou hieren Spiller iwer lenks duerchgeet an den Ball am kuerzen Eck ennerbrengt. Mettlerweil haat den Trainer sech fier den Daniel agewiesselt, an den Eric koum och nach zu sengem Kuerzasaatz 5 Minutten virun Schluss.

Haaptsach mir sin weider.

Een klengen Kommentar zum Geigner. Een klengen Verain, deen keng Jugend huet, well dei Nopeschklipp (Beetebuerg, Kayl, etc) besser opgestallt sin, an nemmen existeiren kann, well d Spiller bezuelt mussen gin, fannen ech perseinlech relativ traureg. Dementsprechend och nemmen 11 Payanten dofuner schon 4 Useldenger Fans. Mee bon eventuell geseit een sech an engem meigleschen Barragematch rem, wat ech awer net hoffen.

Sou lo ass Wanterpaus.

D'Equipe vum FC Jeunesse Useldeng op Facebook seet ierch merci fier dei 200 Likes an dei vill Comments ennert eisen Matcher.