Spillberichter Sen1 2014/2015

2. Divisioun 1.Bezierk

26. Spilldag

Sa.23.05.15

Sen 1

Useldeng - Fiels (4:0) 7:1

16:00 Auer

Useldeng: Correia Hugo, Schmitz Yves, Huet Claude, Smit Jan, Smit Raphael, Hemmer Alain, Adam Daniel, Skrijelj Elvedin, Demukaj Alban, Alibasic Sanel, Keserovic Ramo. (Gomes Tiago, Kieffer Kevin, Schaus Pol, Correis Rafael)

Terrain: Useldeng

Arbiter: JOLAS Franck Patrice

Goaler: 2x Demukaj, Smit R., Alibasic, Huet, Adam, Correia R.

Giel Kaart:

Roud Kaart:

Den Trainer nom Match:

E Kommentaire vum Pol Schaus: Geschter war fir d'Saisonfinale d'Fiels op Besuch. Et ass em net mei vill gangen. Mir konnten nach 3t bescht Reckronnenequipe gin. Dozou mei muer!

Dei eischt puer Minutten haaten eis Jongen epuer Onkonzentreiertheeten dran, mee daat war awer net weider tragesch. Den Hugo gett dem Alban den Ball per Hand an der eegner Halschent. Desen leet den Turbo an leeft iwer riets iwert den halwer Terrain an schleisst zum 1:0 oof.

Den Knuet war geplatzt.

Den 2:0 huet den Raphael markeiert, nodeems mir en scheinen Konter proper faerdeg gespillt hun.

Den Alban huet dunn seng gudd Leeschtung mam 3:0 gekreint.

No 2 Gooler an enger Virlag ass den Alban no 30 Minutten ausgewiesselt gin an ab deem Moment hun die jungen Wilden eis Offensivabteilung gebild. Den Rafael koum ran an ass an den Sturm gangen, den Daniel op riets.

Den 4:0 markeirt den Sanel, no engem Sololaaf iwer lenks

Mat deem Score geet et an d'Paus. Den Kevin koum fier den Jan an den Tigui fier den Raphael.

Dei 2t Halschent war net mei gudd vun eiser Seit. Fiels huet den Match gemach an en Geigengool luch an der Loft.

Mee den Claude konnt op 5:0 erheigen wei en den Ball op der Mettellinn erkämpft, den Doppelpass mam Sanel sicht an leng virum Goolkipp eranschiebt

Den 5:1 ass dunn eng ze kuerz Reckpass vum Claude op den Hugo, wou den Noschoss no der Parade vum Hugo awer eriescht rangangen ass

Den 6:1 war fier den Daniel deen eng flach Pass vum Rafael vun riets verwert huet.

Den 7:1 war fir den Rafael, deen an sengem eischten Match sein eischten Gool scheisst. En ass leng op den Goolkipp duergelaaf an ass cool bliwen.

Eng super Reckronn geet zu Enn.

Super Jongen !!!!!!!!!!

 

25. Spilldag

So.17.05.15

Sen 1

Miedernach - Useldeng (0:0) 1:2

16:00 Auer

Useldeng: Correia Hugo, Schmitz Yves, Keserovic Ramo (Smit Jan), Ismaili Quendrim, Hunnewald Paul, Palumbo Davide, Smit Raphael, Hemmer Alain, Skrijelj Elvedin, Demukaj Alban (Huet Claude), Gomes Tiago (Adam Daniel). (Kieffer Kevin)

Terrain: Stegen Synth.

Arbiter: Bache Carlo

Goaler: Schmitz, Skrijelj

Giel Kaart: Keserovic, Ismaili, Palumbo, Smit

Roud Kaart:

Den Trainer nom Match: Stolz op d'Jongen dat mär et gepackt hunn nodeems mär en gudden 2.Tour gespillt hunn (19pkt bis elo). Dierf een net vergiessen dat no 9 Matcher réischt 6 Punkten um Konto waren. Ass wirklech éng Leeschtung wéi mär éis zeréckgekämpft hunn. De Match zu Medernach war sinnbildlech fir éis Saison. No énger nervöser 1.hz an nodeems mär verdéngt 1-0 hannen loungen, hu mär éist Schicksal selwer an d'Hand geholl an zeréckgeschloen. Super Reaktioun vum Grupp. Bravo

E Kommentaire vum Pol Schaus:  An desem Match goung et jo bekanntlech drem fir den Barragematch ze verhenneren. Mir haaten 2 Punkten mei wei eisen Geigner vun Medernach.

Dei eischt 45 Minutten waren ganz schwach vun eiser Equipe. Eng gewessen Nervositeit war ze spieren. Dest huet sech virun allem doranner gewisen, dass mir ze seier den Ball erem hiergin hun. Desweideren hun mir vill mat langen Bäll opereiert, dei all Keiers vun hieren 2 Innenverteideger gebotzt goufen.

Hieren Goolkipp haat an der 40ter Minutt den eischten Ballkontakt, daat seet genuch aus.

Dei 2t Halschent sollt dunn mei spannend gin. Den Ufank war bessen sou wei dei eischt. Mee dunn kruut Miedernach en Elefmeter wou den Ramo den Geigner wollt mat Heem huelen

1:0 Miedernach.

Gottseidank hun si eis deen Gool geschoss, well ab do sin mir erwäscht. Mir haaten bessen mei konstruktiv Ugreffer an koumen duerch en Foul um Alban zu engem Elefmeter

Den Yves setzt deen zum 1:1 eran.

Mir waren erem am Match. Elo huet sech vun eiser Seit een ordentlechen Match entweckelt, och wann een soen muss, dass mir 2 Wiesselen hun missen machen fir ze verhenneren, dass mir an enner Ennerzuel gewiecht wieren.

5 Minutten virun Schluss setzt den Elevedin zum 2:1 eran. Dunn hun mir nemmen nach verteidegt. Den Claude ass fir den Alban erankomm an sollt Defensiv verstärken, fir dass nemmen naischt mei ubrennt.

Allerdengs stoung hieren Stiermer kuerz virum Ofpeff nach engker leng virum Hugo, mee eisen Trainer konnt mat eng Grätsch in extremis Schlemeres verhenneren.

Et muss een soen, een vun eisen manner gudden Matcher, mee daat war am Endeffekt quietschegal.

Geifeiert hunn mir trotzdem!!!!!! D'nächst Saison ass den FC JEUNESSE USELDENG och nees an der 2ter DIVISIOUN dobei!!!!

Super Jongen!!!!!!!!

 

24. Spilldag

So.10.05.15

Sen 1

Useldeng - Chrechtnech (2:0) 10:0

16:00 Auer

Useldeng: Correia Hugo, Keserovic Ramo, Schmitz Yves, Huet Claude, Ismaili Quendrim, Hunnewald Paul, Smit Raphael, Palumbo Davide, Skrijelj Elvedin, Alibasic Sanel, Demukaj Alban. (Smit Jan, Gomes Tiago, Adam Daniel)

Terrain: Useldeng

Arbiter: BROY Romain

Goaler: 3x Skrijelj, Ismaili, Smit, 5x Demukaj

Giel Kaart:

Roud Kaart:

Den Trainer nom Match: 10-0 gewennt een net oft, an dofir kann een och driwwer ewech kucken, dat een am fong nach hätten misten méi Goaler schéissen.....Bon, nächsten Sonnden hu mär éng Final zu Medernach wou mär versichen alles kloer ze maan dat mär nächst Saison 2.Divisioun spillen.

E Kommentaire vum Pol Schaus:  Den Tabellenleschten war liischt iwerfuedert geschter Metten zu Useldeng.

Erwähnenswert sin just dei Chancen dei mir net rangemach hun. Den Raphael stung 2 mol leng virum Gool. Den Elvedin haat eng gudd Chance. Den Daniel A huet aus 2m den Ball iwert den Gool gesaat.

Virun der Paus hun mir just 2 Gooler geschoss. Den Elvedin huet dei Saach an d'Rei gema mat sengen 2 Gooler.

No der Paus, huet den Qen op 3:0 erheischt. den Elvedin huet sein 3ten Gool nach dropgeluecht.

Den 5:0 huet den Rapahel markeiert.

Duerno koum dem Alban seng Show, mat 5 Gooler kreint heen seng gudd zweet Halschent.

Mir sin elo dei 10t, mat nach emer 2 Punkten Virsprong op den Barrage.

Nächsten Weekend kennen mir geint Miedernach alles kloer maan.

Excellent Jongen, lo voll Konzentratioun op nächsten Sonnden.

Super Useldeng!!!!!!!

Useldeng-Chrechtnech
 

 

23. Spilldag

So.03.05.15

Sen 1

Colmer - Useldeng (1:2) 4:2

16:00 Auer

Useldeng: Correia Hugo, Schmitz Yves, Keserovic Ramo, Huet Claude, Ismaili Quendrim (Hunnewald Paul), Palumbo Davide, Smit Raphael (Adam Daniel), Skrijelj Elvedin, Alibasic Sanel (Evrard Jerome), Hemmer Alain, Demukaj Alban. (Smit Jan)

Terrain: Colmer

Arbiter: TORRES FER. Ivo Manuel

Goaler: Demukaj, Palumbo

Giel Kaart: Alibasic, Hemmer, Demukaj

Roud Kaart:

Den Trainer nom Match: No énger gudder 1.hz wou mär verdéngt 2-1 fir waren hu mär déi 2.hz dem Géigner zevill Raum ginn. No fier hun mär net schlecht gespillt a mär haaten och genuch Goalchancen, leider hu mär awer och zevill zougeloss waat de Géigner ausgenotzt huet. Ech iwwerhuelen d'responsabilitéit  fir des Niederlaag well ech d'Equipe taktesch falsch agestallt hunn.

E Kommentaire vum Claude Boudler: Géint Colmar hu mir eigentlech eng perfekt 1. Halschent gespillt, mir hun de Match komplett dominéiert an haaten duerch den Raphael an de Elvedin an den éischten Minuten schon gudd Goalchancen, déi mir awer nit genotzt hun. An der 20. Minut si mir duerch den Elvedin no enger Pass an d’Déift vum Sanel verdingt mat 0-1 a Féierung gaangen. E puer Minuten méi spéit haat den Elvedin den 0-2 do leien, huet deen awer nit genotzt an Colmar-Berg hirersaits huet hir 1. richteg Chance fir den 1-1 genotzt. An der 38. Minut huet den Davide e Fräistouss vun 18 meter direkt an de Goael gesaat an mir sin mat enger 1-2 Féierung an d’Paus gaangen. An der 2. Halbzait ware mir nit méi sou dominant wéi an den éischten 45 Minuten, trotzdem si mir emmer erem zu Chancen komm. No enger Stonn huet Colmar no engem Feeler an eiser Verteidigung, wou mir de Ball nit schnell genug rausgespillt hun, ausgeglach. An der 80. haat den Elvedin no engem schéinen Doppelpass den 2-3 fir eis um Fouss leien an am Prinzip och alles richteg gemaach, mee e Spiller vun Colmar huet et färdeg bruecht, dee Ball nach vun der Linn ze kraatzen nodeems den Goalkeeper schon geschloen war. Am Géigenzug hun si den 3-2 geschoss. An der Schlussphase hu mir alles no vir gehäit, konnten awer keen Goal méi schéissen, deen huet Colmar mam Schlusspeff gemaach an de Match 4-2 gewonn. Am Fong hu mir virun allem an der 1. Halbzait ganz gudd gespillt, hätte mir do eis Chancen besser genotzt, hätte mir dese Match nit verluer.

 

22. Spilldag

So.26.04.15

Sen 1

Useldeng - Elwen (2:0) 2:1

16:00 Auer

Useldeng: Correia Hugo, Keserovic Ramo, Schmitz Yves, Huet Claude, Ismaili Quendrim, Hemmer Alain, Smit Raphael (Palumbo Davide), Skrijelj Elvedin (Goncalves Filipe), Alibasic Sanel,Cruz Daniel, Demukaj Alban (Adam Daniel). (Hunnewald Paul, Smit Jan)

Terrain: Useldeng

Arbiter: Michaux Marc

Goaler: Smit, Skrijelj

Giel Kaart: Alibasic, Correia

Roud Kaart: Cruz

Den Trainer nom Match: Ganz wichteg 3 Punkten déi mär e Sonnden géint déi vielleicht Spillstärkst Equipe an éiser Divisioun kritt hunn. Sinn stolz op méng Equipe well se d'Consignen 1zu1 émgesaat huet. Och wann et no der rouder Kaart vum Daniel na éng kéier sauer ginn ass esou hu mär mat éisem Asaaz déi 3 Punkten zu Useldéng gehaalen. Wann een kuckt wéi eng et am Tabellenkeller zougeet, da wees een dat mär all Punkt brauchen vir um Enn net an de Barrage ze goen.

E Kommentaire vum Pol Schaus: Geschter war also den bis dohinner Tabellenfeneften op Besuch. Et war vun viran kloer dass et een defensiv geprägten Match geif gin.

Sou ass den Match dann och ugangen. Mir hun eis greisstendeels op d'Verteidegen konzentreiert, waat excellent geklappt huet. Elwen konnt sech keng Grousschance erausspillen an der eischter halwer Stonn.

Am Geigendeel souguer, no 10 Minutten haaten mir dei eischt gudd Geleenheet duerch den Raphael, deen awer um Goolkipp hänken bleiwt.

No 31 Minutten sin mir mat 1:0 an Feirung gangen wei eng Flank vun halew riets den Raphael an der Mett fennt, an desen Kapp zum 1:0 eransetzt.

Nemmen 2 Minutten mei speit ass den 2:0 gefall. No engem super Dribbling vum Alban, deen duerno no lenks op den Elvedin riwer leet. Desen den Ball ganz dreschen an den rietsen Eck schiebt.

Lo huet et geheescht nach eng 15 Minutten virun der Paus iwerstoen, fir nemmen keen virun der Paus ze kasseiren. Dest sollt och klappen, och wann Elwen den Drock lues awer secher erheischt huet.

Nom Pausentei, sin dei Elwenter well entschloss aus der Kabinn komm fir direkt op den 2:0 Reckstand ze reageiren.

Mee eis Defense de fer stung excellent. Den ganzen Defensivapparat huet geschlossen verteidegt, sou dass keng 100% dobei erausgesprongen ass.

Mir hun alt sporadesch probeiert eis ze befreien, mee eis Konter hun mir net konsequent faerdeg gespillt.

An der 71ter Minutt kruut den Daniel C. d'rout Kaart, weinst vermeindlechem Norennen.

Dei lescht 20 Minutten sollten nach engker spannend gin. An der 75ter ass dunn och nach den 2:1 gefall, wei mir hannen den Ball net wegkruut hun, an den Elwenter op 16m Grenz een halewheigen Schoss an rietsen Eck setzt.

Dunn hunn si natirlech alles no fier geheit. Eng Aktiou iwer lenks ass um lenken Poteau hänken bliwen.

Den Daniel A, deen erankomm ass haat d Fierentscheedung op der Schlapp mee sein Schoss geet knapp lanscht den lenken Wenkel.

An der Nospillzeit: Freistouss halew riets. Den Ball sprengt vun der Laat op d Linn bis den Hugo den Ball konnt secheren.

Geschter hun mir dei kämpferesch Leeschtung mat 3 Punkten belount kruut.Eng excellent Equipenleeschtung!!!!!! Den Fussballgott huet den Rescht dozou baigedroen.

Esou klammen mi op dei 9ten Platz, mat nach emer 2 Punkten Virsprong op den Barrage.

Nächsten Weekend geet et geint Colmar-Bierg

Super Useldeng!!!!!!!!!!!

 

21. Spilldag

So.12.04.15

Sen 1

Préitzerdaul/Réiden - Useldeng (2:1) 4:2

16:00 Auer

Useldeng: Correia Hugo, Keserovic Ramo (Smit Jan), Schmitz Yves, Huet Claude (Gomcalves Filipe), Palumbo Davide, Hunnewald Paul, Evrard Jerome, Hemmer Alain, Smit Raphael, Skrijelj Elvedin, Alibasic Sanel. (Adam Daniel, Kieffer Kevin).

Terrain: Réiden

Arbiter: DA SILVA OLIVEIRA Manuel

Goaler: Skrijelj, Palumba

Giel Kaart: Hemmer

Roud Kaart:

E Kommentaire vum Pol Schaus:  Geschter war also den Derby zu Reiden.

No enger Minutt war et schon geschitt. Den 1:0 fällt no engem Ugreff iwer lengs, wou eng Pass an d'Mett Hugo duerno keng Chance mei leisst an den Ball flach am langen Eck aschleit.

Duerno sin mir gudd an den Match komm, an haaten öfters d'Chance op den Ausgleich. Et muss een soen, dass mir heiansdo am Ugreff ze komplizeiert ugestallt hun.

Am Laaf vun der eischter Halschent, haaten mir den Match am Greff, sou dass den 1:1 an der Loft luch. Gudd Chance duerch den Raph an den Yves sin ze vermierken.

5 Minutten virun der Paus gett den Davide een excellenten Ball an den 16m wou dn Elvedin vun lenks ragestart war, desen leet den Ball mat enger liischter Bewegung an d Netz.

Mat desem Score sollt et net an 'd'Paus. Een direkten Freistouss huet den Wee an d'Netz fond, obwuel den Hugo nach drun war.

Paus 2:1

No der Paus sin mir net gudd aus der Kabinn, den Geigner huet den Drock erheischt. Chance op eiser Seit waren mangelware.

No ronn enger Stonn ass dunn den 3:1 gefall. Alt erem war et een direkten Freistouss, (wou den Feeler vleit keen war), deen relativ zentral am Gool aschleit.

Den Trainer huet reageiert an den Risiko erheischt an op 3er Ketten emgestallt, wei en den Claude rausgeholl an den Filipe bruecht huet.

Dat Manoeuver mescht sech 10 Minutten viru Schluss bezuelt wei den Davide op 3:2 verkierzen konnt.

Allerdengs sin mir dunn massiv ausgekontert gin, an eis 3 Verteideger haaten all Mei hannert den Stiermer hannendrun ze stiwelen. Kruuten si et nach heiansdo hin, war et dunn awer 5 Minutten virun Schluss en Ex-useldenger den zum 4:2 fir di Rout eransetzt.

Dun war d'Bier geschielt. Opgrond vun der zweeter Halschent geet dei Defaite an d'Rei. Wann mir eis an der eischter Halschent belounen fir daat gudd Optrieden ass och mei dran.

Esou sin mir lo rem mittendrin statt nur dabei am Ofstiegskampf

Gilsdref- Diekrech ass reicht muer.

Allez Useldeng!!!!!!!!!

 

20. Spilldag

So.12.04.15

Sen 1

Useldeng - Ell (1:1) 3:3

16:00 Auer

Useldeng: Correia Hugo, Keserovic Ramo, Schmitz Yves, Huet Claude, Ismaili Quendrim, Hunnewald Paul, Demukaj Alban, Hemmer Alain, Smit Raphael, Skrijelj Elvedin, Alibasic Sanel, (Adam Daniel, Palumbo Davide, Smit Jan, Mahovac Admir).

Terrain: Useldeng

Arbiter: SCHMIT Johny

Goaler:Alibasic, 2x Skrijelj

Giel Kaart: Ismaili, Smit, Alibasic, Palumbo

Roud Kaart:

E Kommentaire vum Pol Schaus:  Geschter war also den Derby zweschen dem SC Ell an der Jeunesse Useldeng

Dei eischt Halschent ass seier erzielt. Mir hun mat villen langen Bäll opereiert an domadder eis offensiv Spiller op d'Rees gescheckt. Dorauser ass awer just en Schoss op d'Laat eruaskomm. Fir den Rescht konnten mir eis net wierklech gefeierlech Situatiounen erausspillen.

Op der aaner Seit stung eis Defense relativ stabil. Se war relativ beschäftigungslos.

No enger halwer Stonn haaten mir di eischt gudd Aktioun. Iwer riets duerch eng Pass op den eischten Poteau duersch den Alban, huet den Sanel mam flachen Fouss den Ball an den langen Eck weidergeleet.

Et sollt awer net mam 1:0 an d'Paus goen. No engem Freistouss an den 5m kennt den Eller ongehennert zum Schoss an setzt zum 1:1 eran.

Mat deem Resultat ass et an d'Paus gangen.

2 Minutten no der Paus, goufen mir kaal erwescht. Dem Claude sprengt en Ball iwert d'Been an den Stiermer kann dofunner profiteiren fir zum 1:2 eranzesetzen.

No ronn enger Stonn konnten mir duerch den Elvedin ausgleischen.

Mir hun gudd dergeint gehaalen, an haten och weider dei eng oder aner Chance, mee den Hugo huet och heiansdo missen agreifen.

Nichtdestotrotz ass no 70 Minutten den 2:3 gefall, wei eis Defense op Abseits gespillt huet, den Spiller awer net am Hors-jeu stung. Sou ass den 2:3 gefall.

1 Minutt drop ass Ell duerch eng Giel-Rout Kaart nemmen nach zu 10 gewiecht.

Mir hun lo op den Punkt gedreckt, an an der 83ter ass dest duerch den Elvedin och gelongen.

An der Schlussphase waren och 3 Punkten dran, mee am Groussen an Ganzen sin mir mam Punkt zefridden.

Et muss een soen, dass eis Jongen en ordentlechen Match ofgeliwert hun, den Geigner war allerdengs net sou stark wei erward.

Super Jongen.

Nexten Weekend ass den nexten Derby geint den Preizerdall zu Reiden.

Allez Useldeng!

 

19. Spilldag

So.29.03.15

Sen 1

Feelen - Useldeng (0:0) 0:0

16:00 Auer

Useldeng: Correia Hugo, Keserovic Ramo, Schmitz Yves, Huet Claude, Hunnewald Paul, Hemmer Alain, Evrard Jerome, Smit Raphael, Demukaj Alban (Adam Daniel), Alibasic Sanel, Cruz Daniel,(Saurfeld Sam). (Ismaili Leotrim)

Terrain: Feelen

Arbiter: MIRANDA DUARTE Yannick

Goaler:

Giel Kaart: Demukaj, Cruz

Roud Kaart:

Den Trainer nom Match:

E Kommentaire vum Schaus Pol:  Mir waren den Mëtteg beim Tabellenleader op besuch. Bei engem Sau Wieder an bei engem ganz Déiwen Terrain huet een direkt gesin dass een héi just eppes kann mathuelen wann een kämpft, an deen Kampf hun eis Jongen souverän ugeholl.

Den Match as lass gaang an d huet een direkt gesin dass ma eis net gengen verstoppen, sou haaten ma och direkt déi eischt Goalchance daat duerch een corner wou den Trainer um 1ten Poteau den Ball voley hellt mee knapps laanscht. Vun Feelen kann ech net vill Goalchancen opzielen well et da net vill goufen, daat well eis Mettelfeld an d Oofwier richteg gudd stungen an een fir deen anneren gelaaf as.

An wann et enk gin as am Strofraum dann war eis Nummer 1 den Hugo souverän do. Den Sanel haat dann an der 1 Halbzeit dei beschten Chance, en war alleng duerch, den Ball as leider am Pull hänken bliwwen sou dass en bessen an Recklaach komm as an schéisst driwwer. An der 2 Halschent gouf et rem geféierlech duerch een corner vum Sanel, huet den Raph em millimeter verpasst.

Dono huet sech den Match vill am Mettelfeld oofgespillt, vill zweekämpf. 20 min fierun Schluss kritt den Yves den Ball op da lénkser Seit, schéckt den Raph deen leet en weider op den Meppy an deen zitt oof, do muss een soen den Goalkipp vun Feelen huet deen grandios gehaal mat den Fangerspëtzen. Daat war och dei beschten Chance an der 2ter Halbzeit.

Sou as et beim 0:0 bliwwen, wann et 1:0 fir eis Faarwen gewiescht wier hätt och keen eppes gesoot well Goalchancen war ganz kloer op eiser Seit.

Duerch eng top Astellung vun eiser Equipe hun ma dann lo och eng Plaatz gudd gemaach an sprangen op Plaatz 10.

Gudd gekämpft Männer!!

Allez Useldeng!!

 

18. Spilldag

So.15.03.15

Sen 1

Useldeng - Diekrech (0:0) 2:1

16:00 Auer

Useldeng: Correia Hugo, Schmitz Yves, Keserovic Ramo, Huet Claude, Ismaili Quendrim, Hunnewald Paul, Hemmer Alain, Evrard Jerome, Smit Raphael, Palumbo Davide, Alibasic Samel, Goncalves Filipe, Adam Daniel, Ismaili Leotrim, Cruz Daniel, Demukaj Alban.

Terrain: Useldeng

Arbiter: Bintner Raymond

Goaler: Palumbo, Demukaj

Giel Kaart:

Roud Kaart:

Den Trainer nom Match: Gudd Réactioun nomm 0-1  a generell éng gudd 1.hz vun éiser Equipe. Déi 2.hz hu mär de Fuedem verluer an net méi gudd Football gespillt. D'gléck war des kéier op éiser Säit. Kämpferesch Astellung wéi an de leschte Matcher top.

E Kommentaire vum Schaus Pol:  Geschter geint Diekrech ass et em wichteg 3 Punkten gangen, mat deenen mir den Ofstand no uewen verkierzen kennen.

No 3 Minutten lungen mir allerdengs mat 0:1 hannen. Mir waren nach en bessen schleifereg an der Ofwier an den Spiller huet geint Hugo zum Lob ugesaat, deen den Wee an den Gool fond huet.

Duerno hun mir besser an den Match fond, an koumen och zu gudden Chancen, wei zum Beispill duerch den Alain.

No ronn 20 Minutten koumen mir dunn och zum Ausgleich. Den Davide setzt een Elefmeter dreschen ennen an den rietsen Eck.

Dei eischt Halschent hun mir ordentlech gespillt. Et war een aneren Match wei geint Steesel oder Maerzeg. Mir hun bessen mei matgespillt an hun eis net hannen "angeigelt".

Den Hugo huet sech alt erem als secheren Reckhalt erwisen, wei en no engem Corner en super Reflex aus kuerzer Distanz gewisen huet.

Mam 1:1 ass et an d'Paus gangen.

No der Paus, huet sech en schwieregen Match entweckelt, net vill Goolchancen, vill Fehlpäss, keng Construction de jeu, op beiden Seiten, woubei een muss soen dass Diekrech awer nach den besseren Spillopbau haat. Bei hinnen ass den Ball nach mei ronderem gedreint gin mee lo och net fier gefeierlech Szenen erauszespillen.

Dei bescht Chance an der 2ter Halschent hat Diekrech, wou den Hugo alt erem eng Keier seng Klass enner Beweis gestallt huet, wei en een Kappball aus kuerzer Distanz nach iwert d'Laat gelenkt kruut.

Den Alban an den Daniel A hun fier freschen Wand an der Offensiv gesuergt, an et war och den Daniel A deen den Alban an der 87ter Minutt an den Laaf gescheckt huet. Mam Ball um Fouss ass en op den Goolkipp duergelaaf an ass cool bliwen an huet zum 2:1 eragesaat.

Wichteg 3 Punkten fier eis Jongen, wou mir lo nächsten Spilldaag hoffentlech och eng oder 2 Platzen an der Tabell gudd kennen maan.

Nächsten Match ass geint Feelen.

Super Useldeng

 

17. Spilldag

So.15.03.15

Sen 1

Maertzeg - Useldeng (0:0) 1:1

16:00 Auer

Useldeng: Correia Hugo, Ismaili Quendrim, Huet Claude, Schmitz Yves, Smit Raphael (Marques Filipe), Skrijelj Elvedin, Keserovic Ramo, Hemmer Alain, Palumbo Davide, Evrard Jerome (Adam Daniel), Hunnewald Paul. (Pradier Olivier, Ismaili Leotrim)

Terrain: Maertzeg

Arbiter: DA SILVA OLIVEIRA Manuel

Goaler: Smit R.

Giel Kaart: Skrijelj, Skrijelj, Schmitz, Ismaili Q.

Roud Kaart:

Den Trainer nom Match: Kompliment un d'Equipe fir de Match zu Märzeg. Kämpferesch Leeschtung war gudd. Leider hu mär et verpasst éng vun éisen Konterchancen ze concrétiséieren, soss wären mär mat 3 Punkten Heem gefuer. Trotzdem musse mär wéider mat deer Astellung an d'Matcher goen, dann sinn ech optimistesch dat mär déi néideg Punkten nach huelen.

E Kommentaire vum Schaus Pol:  Fir d'allereischt mol: All Respekt, fir dei Leeschtung haut, Jongen, daat war groussen Kino.

Een Geigner, deen als Tabellenveierten an den Match gangen ass, deen nach keng Punkten an der Reckronn verluer huet, verleiert haut 2 Punkten, et hätt och keen eppes gesoot, wann se keen Punkt kruut hätten, mee daat ass Fussball. Dozou speider mei.

An der eischter Halschent haat natirlech Maerzeg mei vum Match. Mir hun eis wei geint Steesel op dei defensiv Arbescht konzentreiert. Eis Defense stung haut rem excellent an een ass fier den aaner an d'Bräsch gesprongen wann et mol gebrannt huet.

Sou eng 100% haaten si allerdengs och net. Am Geigendeel dei haaten mir.

Den Goolkipp klärt en heichen Ball nemmen halewhaerzeg, sou dass den Elvedin op der 16m Grenz en Lob probeiert, den Ball tuppt eemol virun der Linn op an gett dunn in extremis vun engem Spiller per Kongfutrett mat Hellef vun der Laat geklärt.

Dee Moment waren 30 Minutten gespillt.

Dat war den Bremsleiser, ab deem Moment hun mir eis och no fier eppes getraut,an stungen net mei grad sou defensiv.

Mam 0:0 ass et an d'Paus gangen.

Nom Pausentei huet een den Jongen ugemierkt, datt si onbedengt dei 3P wollten. Den defensiv Verbond stung nach emer stabil an no fier hun lo mei mat langen Bäll op den Meppy an Elvedin opreiert.

Den Meppy war et och deen no ronn enger Stonn d'Virlag fir den 0:1 geliwert huet. Nodeems heen op halew riets den Ball eruewert huet, sech net foulen geloos an weider gekämpft huet, koum en vun riets zum Flanken an den Raphael setzt zum 0:1 mam Kapp eran.

D Freed war allerdengs nemmen kuerz.

8 Minutten drop, zitt den Maerzeger Spiller iwer hier lenks Seit mam Ball (Ball am Seitenaus war hei d'Fro) op d'Heischt vun der Goollinn, brengt den Ball ran, an en Kappball suergt fir den 1:1.

2 Minutten drop kruut den Elvedin Giel/Rout. Mee och zu 10 sinn mir eiser Linn trei bliwen, an hun dunn eben nemmen nach den Meppy op d'Rees gescheckt. Desen haat och dei greissten Chance mat engem Poteauschoss. Kuerz drop haat heen och nach eng gudd, mee sein Schoss ass lanscht den Gool gangen, wei en dem Verteideger entwescht war.

Dem Davide sein Freistouss gouf nach in extremis vum Goolkeeper eweschgescheppt.

Aus der Iwerzuel konnt Maerzeg keen Kapital schloen, och wann si lo bessen mei konkret Chancen erausgespillt hun. Sou ass en Schoss am Hugo sengen Hänn geland, een Schoss ass aus gudder Positioun uerdentlech driwer gangen.

3 Minutten virun Schluss, ass et mat 10 geint 10 weider gangen, een absichtelech Handspill huet zur giel/rouder Kaart gefouert.

Den Daniel A, deen fier den Meppy komm ass, haat an der 90ter d'balle de match um Fouss wei en leng um Wee op den Gool war, den Ball awer nii rischteg enner Kontroll kruut sou dass den Verteiger den Daniel awer nach remkruut an klären konnt.

Dat wier et natirlech gewiecht, mee den 1:1 geet geint den Tabelleveirten an d'Rei, och wann vun den Chancen hier, mir dei besser haaten, mee entweder huet d'Gleck oder dei neidech Zentimetren gefeelt fir den Metten mat 3 Punkten vum Steck ze goen.

Mee et muss een soen,dass noom Match geint Steesel, daat dooten erem eng super kämpferech Leeschtung war, an iergendwann gin mir dofier belount, vielleicht schon nexten Weekend!!!

Super Useldeng!!!!!!

Hommes du Match: Ramo, Claude, Paul, Yves, an Qen,

Also eis Defense mam 6er dei alles weggebotzt hun wat komm ass!

 

16. Spilldag

So.08.03.15

Sen 1

Useldeng - Stesel (0:0) 0:0

14:30 Auer

Useldeng: Correia Hugo, Ismaili Quendrim, Ismaili Leotrim, Adam Daniel, Huet Claude, Schmitz Yves, Smit Raphael, Skrijelj Elvedin, Marques Filipe, Keserovic Ramo, Hemmer Alain, Palumbo Davide, Evrard Jerome, Cruz Daniel, Alibasic Sanel, Hunnewald Paul, Pradier Olivier.

Terrain: Useldeng

Arbiter: MOURA Rui

Goaler:

Giel Kaart:

Roud Kaart:

Den Trainer nom Match: Topastellung vun all Spiller. Jiddfreen huet sech un d'Consignen gehaalen. Keen Goal kasséiert. Mat deer Mentalitéit muss et wéidergoen.

E Kommentaire vum Schaus Pol: Eent virop, ween geschter um 14:30 an d'Beiwener Stroos komm war fier een Torfestival ze gesin, gouf beis enttäuscht.

Eis Jongen hun also geint den Tabellenzweeter gespillt, dei schlecht aus der Wanterpaus komm sinn.

No der Neierlaag am Allermatch wosst jiddereen wat en erward.

Et huet een direkt an den Ufangsminutten gesin, datt eis Equipe super agestallt war. Een klengt Zitat vun eisem Coach kennt hei passend: " Eng geschlossen Equipe" huet sech um Terrain présenteiert.

Dei eischt halew Stonn hat Steesel natirlech mei Ballbesetz an mir hun eis op Defensivarbescht konzentreiert. Trotzdem koum Steesel zu enger gudder Chance, wou den Hugo in extremis retten konnt.

Ereicht 15 Minutten virun der Paus hat den Alain dei eischt Geleenheet fir eis Farwen, wou en iwer riets durechgeet an den Goolkipp zu enger Glanzparad gezwongen huet.

Mat 0:0 ass et an d'Paus gangen. Dir gesidd, mir haaten keng Goolchance, den Geigner awer och net wirklech gefeierlecher.

Et war also eng vun Kampf betounten eischt Halschent, deelweis hun mir just Bäll einfach weggedräscht. Et war lo keen fussballereschen Augenschmaus.

Dei 2t Halschent war bessen mei mouvementeiert, mee alt erem huet sech gewisen dass d'Astellung impécable war. Als Beispill kann een dei riets Seit erauspicken, wou den Ramo an den Alain een fier deen aaner gelaaf sin. Beid "Semoen" waren en Virbild fir d'ganz Equipe, wou een fir deen aaner geschafft huet.

15 Minutten virun Schluss kruut Steesel en Elefmeter. Den Hugo taucht of an hällt eis Equipe am Spill.

Wei et meeschtens an souengem Match ass: 1 Chance kritt een emer!!!!!

An der 85ter war et sou weit, den Elvedin ass iwer riets duerch. Sein Schoss land iwert dem Gool. An der Mett waren 2 Spiller matgelaaf. Leider sollt et net sin.

Eng spannden Schlussphase wou mir nach 2 oder 3 gefeierlech Freisteiss ze iwerstoen haaten

Een sensationellen 0:0 !!!!!

All Respekt, weider sou

En Sonnden geet et op Maerzeg!!!!

Super Useldeng!!!!!!!

 

15. Spilldag

So.01.03.15

Sen 1

Gilsdref - Useldeng (2:3) 2:3

16:00 Auer

Useldeng: Correia Hugo, Ismaili Quendrim, Ismaili Leotrim, Adam Daniel, Huet Claude, Schmitz Yves, Smit Raphael, Smit Jan, Marques Filipe, Keserovic Ramo, Hemmer Alain, Palumbo Davide, Evrard Jerome, Cruz Daniel, Alibasic Sanel, Hunnewald Paul

Terrain: Gilsdref

Arbiter: DA SILVA VAZ Pedro Miguel

Goaler: Hunnewald, Smit R., Alibasic

Giel Kaart: Alibasic, Evrard

Roud Kaart:

Den Trainer nom Match: Ganz wichteg  3 Punkten zu Gilsdorf. Kampfgeescht an Asaaz waren gudd esou dat een am Endeffekt vun énger verdéngter Victoire kann schwätzen. Mussen allerdéngs zum Schluss éng vun éisen selechen Konterchancen notzen. Mat deer Astellung muss et wéider goen.

E Kommentaire vum Schaus Pol: Nom Match geint Housen huet eisen Trainer verschidden Changementer virgeholl. Enneranerem soutz den Housener Stuerm op der Bänk an gouf duerch den Rapahel an den Sanel ersaat. Desweideren huet och d'Innenverteidegung gewiesselt. Aus Alain an Qen, gouff Claude an Trainer. Den Yves ass als Lenksverteideger opgelaaf.

Also schon virum Match, vill Changementer. Do derbei kennt nach d'taktesch Opstellung an d'Astellung

Den Match ass super lass gangen fier eis Jongen. No 5 Minutten fennt een Freistouss vun riets, getrieden vum Davide, den Paul, deen mam flachen Fouss zum 0:1 eransetzt.

Noom Feirungstreffer hun mir eis eng Paus vun 15 Minutten geholl, wou den Geigner besser an den Match komm ass. Den Geigengool luch an der Loft.

Den Hugo konnt deen allerdengs nach mat enger super Parade verhenneren, wei den Stiermer frei virun him opgetaucht ass.

An der 22ter Minutt war et awer dunn souweit, Gilsdref kennt iwer riets duerch, an aus kuerzem Wenkel spetzelt den Stiermer den Ball zum 1:1 eran.

Gilsdref huet weider Drock gema, an op den nächsten Gool gespillt. Des huet och 10 Minutten drop geklappt. 2:1

Dunn ass et awer lass gangen. Eis Jongen hun sech gerappt an mat langen Bäll op den Raphael, deen seng Schnellegkeet ausgespillt huet, konnten mir eis dei eng oder aner gudd Chance erausspillen. Den Davide no Pass vum Raph vergett nemmen knapp, den Raph no engem Sololaaf scheitert um Goolkipp.

Mee an der 40ter sollt et endlech klappen fir op 2:2 auszegleichen. Een langen Ball op den Raph deen sech duerchsetzt an leng virum Goolkipp eiskaal eransetzt.

An der Nospillzeit virun der Paus, hun mir den Match gedreint. 2:3 duerch den Sanel, deen mat engem Lob iwert den Goolkipp zum 2:3 eransetzt.

Mat 2:3 goung et an d'Paus. Um Resultat sollt sech naishct mei änneren

Dei zweet Halschent war baal eng perfekt vun eisen Jongen. Bis op dei eischt 10 Minutten wou Gilsdref vum Chaos an eiser Défense profiteiert huet an en Laateschoss net verwerten konnt.

Duerno haaten eis Jongen alles am Greff, Gilsdref kruut keng Chance mei erausgespillt. Am Geigendeel, eis Jongen haaten epuer rischteg gudd Geleenheeten. Enneranerem haat den Davide nach 2 rischteg gudd Chance den Score roppzeschrauwen.

No der Anwiesslung vum Meppy, huet hien sech och leng virum Goolkipp präsenteiert, sein Ofschloss war leider net vun Succès gekreint.

EEN GROUSSEN LUEW un des Equipe!!!! Deen Zesummenhalt an Equipegeescht deen zu Housen nach gefeelt huet, war geschter zu 1000% do.

Eng Equipe dei zesummen gekämpft, an gewonnen huet.

All Respekt Jongen

Duerch des Prestatioun hun mir Gilsdref iwerholl an hun den Barrageplaatz verloos.

Lo kennt den Sonnden Steesel op Useldeng.

Super Useldeng!!!!!

 

14. Spilldag

So.22.02.15

Sen 1

Housen - Useldeng (0:0) 1:0

14:30 Auer

Useldeng: Correia Hugo, Ismaili Quendrim, Ismaili Leotrim, Adam Daniel, Huet Claude, Schmitz Yves, Smit Raphael, Smit Jan, Marques Filipe, Dos Santos Ricardo, Keserovic Ramo, Hemmer Alain, Palumbo Davide, Evrard Jerome, Cruz Daniel, Alibasic Sanel

Terrain: Housen

Arbiter: Faria Monteiro Pedro Daniel

Goaler:

Giel Kaart: Marques Filipe

Roud Kaart:

Den Trainer nom Match: Ganz batter 0-1 Niederlaag zu Housen. Et war en ausgeglachenen Match op éngem schwéier bespillbaren Terrain (1 hz Schnéi um Terrain), wou gewost war dat vill um Spill stoung fir déi 2 Équipen. Dementsprechend war et och en takteschen Match. Déi Housener hunn no 70 min den entscheedenden 1-0 geschoss. Mär stoungen un sech kompakt iwwert déi 90 Minuten, hunn et awer net färdeg bruecht Goalchancen ze kréieren.....Den Asaaz an Astellung hunn gestemmt, an mär hunn schons den nächsten Sonndeg den nächsten wichtegen Match zu Gilsdorf.

E Kommentaire vum Paul Schaus:  Den Match zu Housen war schon een wichtegen fier eis, Nemmen 3 Punkten hun eis getrennt. Nodeems Housen an der Woch zu Colmar verluer haat, wousseten beid Equipen em wat et geet.

An der eischter Halschent waren mir gudd en place an waren spillerech dei besser Equipe allerdengs ouni greissen Goolgeleenheeten erauszespillen.

15 Minutten virun der Paus huet dunn Housen sech een Chancenplus erausgespillt an den Hugo huet missen ausserhalb vum 16ter mat der Broscht retten.

No der Paus war et et een kampfbetounten Match, mat villen klengen Fouls an Nicklechkeeten.

Et wor seier kloer dass den Match iwert den Kampf an den Equipengeescht entscheed waert gin. Den Kampf hun mir ugeholl an duerch en Weitschoss vum Sanel haten mir och eng gudd Chance an der zweeten Halschent.

15 Minutten virun der Paus luch dunn awer den 1:0 an der Loft. Den Housener Stiermer vergett aus 5m eng Flank vun riets an setzt den Ball iwet den Gool. Epuer Minutten mei speit sollt et schepperen, no enger Perte de balle am Mettelfeld, kennt eng Flank vun riets op den zweeten Poteau wou den Spiller an d'Mett offleet an desen dunn zum 1:0 eransetzt.

Duerno hun mir probeiert alles nofier ze geheien. Den Leo ass fir den Filipe komm, dest sollt awer weider keng Impulser brengen, sou dass mir net wierklech gefeierlech no fier waren.

Et muss een soen, dass 1 Punkt och ok gewiecht wier. Dei Equipe mat deem meeschten Teamgeescht an Wellen huet gewonnen.

D'nächst Woch geet et op Gilsdref.

Allez Useldeng!!!!!

 

 

FC JEUNESSE USELDENG- HOUSEN 1:2
Hugo
Soufiene, Trainer, Pit, Jan
Davide, Daniel,
Raph,Bruno, Elvedin
Sanel

Agewiesselt: Patrick, Alban, Ramo

Geschter war also den 1ten Match doheem op eiser Pelouse.
Laut der Statistik hätten mir net daerfen verleieren, mee all Statistik ass iergendwann falsch.

Lass goung et mat ongewinnten Feeler am Spillopbau an am Zesummenspill zweschen deenen eenzelen Reihen.

Sou haat och Housen mei Ballbesetz, zwar am Ufank net onbedengt gudd Goolchancen.

Sou ass et dann ochem di 20ts Minutt zum 1:0 komm, den Sanel flangt mam rietsen Fouss vun lenks an den 16m wou den Raph den Ball propper mam flachen Fouss eransetzt.
Aus kenger Chance, een Gool gema, geif ech mol mengen, well bis dohinner haat hieren Keeper neischt ze maan.

Kuerz drop haat den Elvedin den 2:0 um Fouss, wou en leng op den Wee Rischtung Gool war, mee dem Goolkipp den Ball an den Grapp gelupft huet.

10 Minutten virun der Paus, spillen si iwer hier riets Seit. Den Ball iwert d'Aussenlinn oder net. Jiddenfalls spillen si weider, mat Passe en retrait an et stung 1:1. Den Linienrischter haat wuel den Fändel gehuewen, mee den Arbiter huet weiderspillen geloos. An eis Jongen haaten wuel schon ofgeschalt.

Kuerz drop huet den Hugo epuer Paraden missen brengen fier eis vun engem Reckstand ze bewahren.

Mam 1:1 ass et an d'Paus gangen. Virun der Paus hun mir missen verletzungsbedingt zweemol wiesslen. Den Jongen eng gudd Besserung.

No der Paus war den Match mei op. Den Patrick huet dei eng oder aner Keier in extremis per Gretsch gerett ier et am Gool gescheppert hätt.

Allerdengs hun si weider gedreckt an och mei vum Match gehaat. Mir konnten eis nemmen seelen befreien an konstruktiv Chancen erausspillen.

10 Minutten virun Schluss: Grouss Erlichterung op Housener Seit. 1:2. Erem duerch eng flach an Pass an d'Mett.

Allerdengs ass den Match net 11 geint 11 op en Enn gangen. Si kruuten an deenen leshcten 5 Minutten nach zweemol giel- rout.

No langer Zeit verleiren mir leider doheem op eiser Pelouse en Match.

Et war gewosst, dass een net all Match wannen kann. Eis Jongen hun den Kampf ugeholl, mee sin leider net belount gin.

Weider sou dann kommen dei neideg Punkten nach zesummen,

Nächsten Match ass en Sonnden zu Grevels an der Coupe
Allez Useldeng!!!!!!!!