Den FC JEUNESSE USELDENG ass offiziell den 12. August 1945 ënnert dem Numm „Jeunesse Useldange“ gegrënnt gin. Schon virun senger offizieller Grënnung sin am Hierscht 1944 am „Ernst sengem Pesch“ éischt wëll Matcher gespillt gin. Ennert dem Impuls vum deemolegen Schoulmeeschter Nic Spielmann ass den Veräin du gegrënnt gin. Vun der Saison 1946-47 un hu mir fir d’éischt um offizielle Championnat vun der F.L.F. deelgeholl. Eng Saison méi spéit gouf schons eng zweet Equipe ugemellt.

 

Eng éischt nit sportlich Manifestatioun war den 5. Dezember 1948, wéi am Sall vum Café Kunnert-Kremer een Bal ofgehaalen gin ass. Den Entréespräis fir déi Soirée war deemols 20 Letzebuerger Frang. Den 27. Februar 1949 gouf am Gemengesall een Theatersteck opgefouert. Daat war méi belleg an huet 15 Frang Entrée kascht.

 

An de 50er Joeren gouf am Park vum Notar Faber vun den deemolegen Veräinsmemberen een neien Footballterrain opgeriicht an am Keller vun der Schoul ass eis vun der Gemeng een Duschraum zur Verfügung gestallt gin. Daat war deemols e Luxus op deen nit vill Veräiner zereckgräifen konnten.

 

Vun 1994 un spillen mir erem am „Ernst sengem Pesch“. Hei gouf dun een neien Footballterrain mat internationale Moossen higestallt. Deen alen Terrain dingt elo nach als Trainingsterrain an fir d’Matcher vun de Reserve an Jugendéquipen. Zur selwechter Zäit goufen niewt deem alen Terrain um fréiere Camping nei Vestiairen fir Spiller an Arbiteren mat enger neier Buvette opgeriicht, déi haut zesummen vum Football a vum Tennisclub benotzt gin.

 

Hei fannt dir am PDF Format déi éischt Statuten, de Certificat de Dépôt an e Bréif vum 5. Oktober 1945 iwwert d’Stellen vun engem Footballterrain vu Säiten vun der Gemeng Useldeng, souwéi déi éischt Plakat fir den Bal vum 5. Dezember 1948.

 

di éischt Statute vum Veräin

PDF

(158 KB)

 

Certificat de dépôt

PDF
(79 KB)

 

Bréif vum 5.10.1945

betreff Footballveräin

PDF

(252 KB)

 

Affiche vum Bal de 5. Dezember 1948

PDF

(112 KB)