Den aalen Terrain dingt haut als Trainingsterrain an fir déi offiziell Matcher vun der zweeter Equipe souwéi den Frendschaftsmatcher vun der Härenéquipe. Desen Terrain gouf wéi am Artikel virdrun ernimmt an den 50er Joren vun den Veräinsmemberen selwer geschaaf. Seng éischt puer Saisonen huet den Footballclub seng Matcher op der anerer Säit vun der Atert, am Ernst sengem Pesch gespillt, genee do wou haut den neien Footballterrain léit, deen den 14. August 1994, 1 Joer virum 50’ Gebuurtsdag vum Club ageweit gouf. Eisen neien Terrain huet international Moossen vun 105 x 65 Meter. Am Joer 2007 as den Terrain mat enger fonkelneier ganz am Holtz gefärdegten Buvette kompletéiert gin. Um aalen Terrain as 1999 eng nei Beleuschtungsanlag installéiert gin. 1994 goufen och déi nei Vestiairen, déi direkt niewt dem aalen Terrain stin, offiziell a Betrieb geholl. Dese Komplex besteet aus enger Buvette, 4 Vestiairen fir Footballéquipen, 2 Arbiterverstairen an 2 Vestiairen fir den Tennisclub vun Useldeng. Do wou fréier um aalen Terrain den Béier verkaaft gouf, as haut den Stock fir Bäll an Trainingsmaterial.

{gallery}Geschicht/Installationen{/gallery}