|
Dem Trainer seng Erwaardungen virun der neier Saison |
|
Mike, du hues elo deng éischt komplett Saison mat eis virun dir. Wéi bas du bis elo mat der Préparatioun zefridden?
Am groussen ganzen sin ech zefridden bis elo, mee et muss een soen dass leider vakanz war, an emmer aner Leit fort waren. Konditionell si mir gudd drop, just am spillerichen Beräich musse mir nach eng Schepp drop leen.
Dir wart jo elo e puer Deeg am Trainingslager an Daitschland, huet daat eppes bruecht?
Daat Trainingslager war leider ze kuerz, mee fir d’Ambiance muss ech soen, war et een ganz gudden Schrëtt. Ech notzen awer hei och d’Geleeenheet fir de Jongen Merci ze soen dass si sou gudd matgezun hun.
Op den éischten Préparatiounsmatcher vun der éischter Equipe haate mir jo deelweis en Kader vun 20 Spiller, hues du dann elo deng Stammformatioun fonnt?
Déi haatt ech nach ëmmer a mengem Kapp mee all Mensch muss seng Chance kréien an notzen, an daat hu verschidden Spiller färdeg bruecht. An do gët et dei eng oder aner Iweraschung!
Waat kënne mir vun der Equipe an der neier Saison erwaarden?
Ech erwaarde mir mol schéinen Football, eist Ziel as fir ënnert déi éischt 5 ze kommen an dann musse mir weider kucken wéi déi jonk an dynamesch Equipe sech entweckelt.
Am Ufank vun der Saison spille mir zweemol hannereneen géint de selwechte Géigner, as daat éischter e Vir- oder Nodeel?
Daat sinn a mengen Aan zwee ganz verschidde Matcher, daat eent as Coupe an do wees jo all Mensch dass déi hier eegen Gesetzer huet, ech hoffen jo mol dass mir Léiergeld aus dem leschten Match gemach hun. Ech well op kee Fall verléieren. Ech fannen dass daat keen Nodeel as, mir mussen einfach eise System spillen an nit no deenen aneren kucken. |
|
Dem Trainer seng Impressiounen zum Schluss vun der Saison |
|
Geschwenn hues du deng éischt hallef Saison zu Useldeng gepackt. Wéi sin deng Impressiounen no gudd 5 Méint?
Meng Impressiounen sin nach an d’Luud gaang no dem leschten intervieuw, einfach aus dem Grond well d’Equipe einfach genial matschaft an och deen gaanzen Club.
Waat huet sech an der Equipe geännert saits du se iwerholl hues?
Dat ass eng Fro wou ech perséinlech mengen dass de Comité respektiv d’Zuschauer dei besser kennen beäntweren. Mee aus menger Siicht hu mir elo mol geléiert wéi mir solle stoen, an de Ball besser laafen loossen. Elo ass et fir einfach nach konditionell an um System weider ze schaffen dass mir d’nächst Saison an der Tabell nach besser do stin.
Du bleifs jo an der neier Saison eisen Trainer, waat sin deng Zieler an waat muss sech änneren fir déi ze erreechen?
Mäin Ziel as et eng jonk dynamesch disziplinéiert Equipe ze kréien an virun allem mat deene jonken weider ze spillen. Ech well einfach d’nächst Saison ënnert déi éischt 5 kommen. Alleguer déi mengen, mir missten elo an d’zweet Divisioun steigen, muss nach fir d’nächst Saison enttäuschen, nit dass elo een daat falsch versteet, ech well schon gäre steigen, mee et muss een bedenken, dass mir déi eenzeg sinn déi mat lauter jonken spillen, wou d’Halschent nach kéint Junior oder Cadets spillen. Dofir sin ech der Meenung, daat sollen mir lues upaken, dann paken mir daat ganz bestemmt. Waat muss geännert gin ass einfach d’Clevernis an déi kritt een nun emol nëmmen duerch d’Erfahrung.
Du hues jo schon an villen Veräiner gespillt, wéi gefällt et dir am Vergläich zu deenen aneren Veräiner hei zu Useldeng?
Ech muss soen, et ass einfach herrlech zu Useldeng Trainer ze sin. Et ass nach een richtegen Duerfveräin wou nach Useldenger Jongen spillen an daat soll och sou bleiwen. D’Strukturen sin einfach genial an eng Gemeng déi souvill um Terrain mecht, do kann een nemmen Merci soen.
Waat sees du zu der Saison vun der zweeter Equipe?
All Respekt fir d’zweet Equipe, ech muss soen dat ass een Virdeel fir d’éischt Equipe. Mam Rol gin ech super eens an dat muss esou sin wann een eppes zesummen ereeschen well. Ech muss awer och soen, ech wier frou wann der nach méi vun der zweeter géifen op den Training kommen.
Packen mir déi 7. Plaatz nach?
Natirlech packen mir dei 7. Plaatz nach well Grevels gewennt bestëmmt nit géint Rambrouch an mir gewannen géint Perlé, och wann mir mat Blesséierten ze kämpfen hun.
Merci Mike. |
|
3 Froen un déi nei Comitésmemberen - 6. Deel |
|
Am leschten Deel vun menger Interviewsserie as um 6. Kandidat, dem Frank Degraux. Domat wesst dir dann elo waat déi 6, déi e Sonndeg an der Generalversammlung offiziell an de Comité bäitrieden, welles hun. All Interview'en fannt dir an der Rubrik Interviews.
Frank Degraux, du hues dech als neie Member an de Comité vum FC JEUNESSE USELDENG gemellt. Firwaat?
Dass den Useldenger Fussball, net nemmen sportlech, net gudd do steet ass jo bekannt. Och wann ech keng eischt Equipe spillen, well ech aktiv mathellefen den Useldenger Fussball erem no vir ze brengen, an dat machen ech iwert desen Wee.
Waat sin denger Meenung no déi wichtegt Mossnahmen, déi mussen geholl gin, fir den Football vun Useldeng erem an eng Erfollegspuer ze féieren?
Eischt Mossnahmen sin jo schon geholl gin. Mat eisem neien Trainer sin mir, menger Meenung no, sportlech um richtegen Wee. Eng zweet Mossnahm ass d’Erweiterung vum Comité. Elo ass et un eis, zesummen mat deenen 8 aneren Leit am Comité eng nei Struktur an den Verain ze brengen. An eiser leschter Comitésversammlung sin jo schon eng ganz Rei Ideeen op den Desch komm. Lo mussen mir se just nach emsetzen. Do ass awer net nemmen den Comité gefroot, mee och d’Spiller an all Member vum Verain.
Wéi stells du dir d'Zukunft vum Useldenger Football vir?
Ech well mech lo hei net festleen wou dem Useldenger Fussball seng Zukunft leit. Wichteg ass dass mir een Verain sin deen zesummenhält, an am dem jidereen mathelleft... an dann ass och villes meiglech.
Merci. |
|
3 Froen un déi nei Comitésmemberen - 5. Deel |
|
Am 5. Deel beäntweren ech selwer dann och déi Froen:
Claude Boudler, du hues dech als neie Member an de Comité vum FC JEUNESSE USELDENG gemellt. Firwaat?
Am Fong wollt ech daat ni méi maachen, mee déi 5 déi sech niewt mir gemellt hun, hu mech iwerzeecht. Ech war schon emol wärend 9 Joer am Comité, deemols war et och flott, mee et stung een dachs nemmen zu 2, 3 do, an dann war et vill Arbecht, déi awer huet missen gemach gin. Mir hun elo eng Versammlung an e Weekend mat Matcher hannert eis, ech muss soen et as eppes ganz aneschters. 14 Leit am Comité an souvill Leit um Match dass mol nit fir jidfereen eng Aufgab do war. Sou mecht et Spaass a wann et sou weider geet, kennen mir eppes guddes opbauen.
Waat sin denger Meenung no déi wichtegt Mossnahmen, déi mussen geholl gin, fir den Football vun Useldeng erem an eng Erfollegspuer ze féieren?
Waat ganz positiv as, as dass mir eng jonk Equipe hun déi an deser Opstellung mat Ausnahmen nach vill Joeren kann zesummenspillen. Déi meescht spillen hir éisch Saison an der 1. Equipe. Mir mussen eis am Comité d’Aufgaben opdeelen, mir hun vill gudd Leit, et muss jidereen do agesaat gin wou hien am beschten as. Duerfir hu mir verschidden Arbechtsgruppen gemaach. Useldeng soll sech nit méi dobaussen blaméieren. Mir mussen och probéieren zesummen ze schaffen. De Comité, den Trainer, d’Spiller mussen Manifestatiounen zesummen organiséieren. Et gin einfach Weer Geld ze verdingen, z.B. mat den Panneauen, déi mussen just opgehaang gin, duerno schaffen déi vum selwen. Mir mussen den Trainer an d’Spiller ennerstetzen, wann Problemer sin, direkt reagéieren an nit mol einfach gewärden loossen. Mir mussen dofir suergen dass mir eis Spiller zu Useldeng haalen, weiderer aus der Jeunesse Atertdaul an d’Equipe agebaut gin an eis gezielt just op deene Positiounen verstärken wou eis Spiller feelen. Et huet keen Wert all Joer 5 Transferten ze maachen, souzesoen d’Geld zu der Fenster erausgeheien fir duerno awer näischt ze hun.
Wéi stells du dir d'Zukunft vum Useldenger Football vir?
Eng gudd Platz an enger 2ter Divisioun an dass d’Equipen erem Angscht hun wann si mussen zu Useldeng untrieden. Ech wenschen mir Matcher géint Béiwen, Bissen, Préizerdaul, Ell, Beckerich, ... Derbyen déi d’Leit unzéien. Daat as dach besser wéi an enger 3. Divisioun op den enneschten Plaatzen ze wurschtelen an géint Equipen ze spillen déi keng Zuschauer matbrengen an fir déi sech keen interesséiert. Ech sin secher dass mir d’Moyen’en dofir hun, domat mengen ech nit nemmen d’Spiller, mee och d’Installatiounen, den Terrain, d’Buvette, d’Sportshaal. Et as un eis eppes draus ze maachen. Mee daat mache mir, vlaicht nach nit des Joer mee spéidstens d’nächst Saison.
Merci. |
|
|