Ween as online?

Wir haben 4 Gäste online

Compteur:

mod_vvisit_countermod_vvisit_countermod_vvisit_countermod_vvisit_countermod_vvisit_countermod_vvisit_counter
mod_vvisit_counterHaut57
mod_vvisit_counterGeschter127
mod_vvisit_counterDes Woch1014
mod_vvisit_counterDese Mount625
mod_vvisit_counterAll75707

Emfro?

Wéi schléisst Useldeng d'Saison 2010/11 of:
 

Login Webmaster!




 
Sonndeg, 15.30 hrs: COUPE DE LUXEMBOURG Drucken
Sonndeg, 5. Setember 2010 – 15.30 Auer – Coupe de Luxembourg – 2e Tour
BOURSCHEID - USELDENG
USELDENG: CORREIA HUGO – REDING JEAN – SOARES VINHAS NENE – ANDRADE MIKE – DECKER MANOU – HEMMER ALAIN – MAGALHAES BRUNO – GONCALVES FILIPE – COSIC KENAN – KESOROVIC RAMON – KLEER CHRISTOPHE
RESERVE: FRANK PIT – PICK DENIS – HEIRENDT JEROME – PETIT SVEN
ARBITER: Trierweiler Goaler: -
Eis Preparatiounsmatcher waren éischter duerchwues, e Sonndeg as Bourscheid eise Géigner am zweeten Tour vun der Coupe de Luxembourg. Bourscheid, eng Equipe aus der zweeter Divisioun as secher de Favorit an desem Match. Ech hun e bessen an de Geschichtsblieder gebliedert fir erauszefannen wéini Useldeng fir d’lescht am 3. Tour vun der Coupe de Luxembourg stung, daat war an der Saison 2001/2002, deemols hu mir géint Weiler-la-Tour verluer, knapp 10 Joer duerno wier et erem un der Zäit desen 3. Tour ze erreechen. Iwrigens si mir géint Bourscheid an der Coupe de Luxembourg schon 4 mol ugetrueden, 3 mol si mir als Gewënner vum Terrain gaangen, 1984 mat 4-2, 1992 mat 2-0 an 1989 souguer mat 14-1, just 2006 as et nit duergaangen, do hu mir 1-6 verluer. An e Sonndeg … affaire à suivre.
 
Preparatiounsmatcher Drucken

 

Freideg, 13.08.2010
Seniors 1
Useldeng – Steinsel
1 - 6
Denschdeg, 17.08.2010
Seniors 1
Useldeng – Feulen
1 - 3
Sonndeg, 22.08.2010
Seniors 1
Useldeng – Heiderscheid
10-9 n.E.
Freideg, 27.08.2010
Seniors 1
Useldeng – Lintgen
0 - 3
Samsdeg, 28.08.2010
Seniors 2
Useldeng – Wilwerwiltz
3 - 2
Denschdeg, 31.08.2010
Seniors 1
Larochette – Useldeng
5 - 0
Mettwoch, 1.09.2010
Seniors 2
Pratzerthal – Useldeng
19.30
Freideg, 3.09.2010
Seniors 2
Useldeng – Heiderscheid
19.30
 
CHAMPIONNAT / COUPE – SAISON 2010/2011
 

05.09.2010
Seniors 1
Coupe
BOURSCHEID – USELDENG
15.30
12.09.2010
Seniors 1
Championnat
USELDENG – HEIDERSCHEID
15.30
15.09.2010
Seniors 3
Coupe
HEIDERSCHEID – DIEKIRCH
18.00
15.09.2010
Seniors 2
Coupe
USELDENG – BISSEN
19.30

 
Dem Trainer seng Erwaardungen vun der neier Saison Drucken
Den 12. September fänkt déi nei Footballsaison mam éischten Championnatsmatch Useldeng-Heischent un. Eng Woch virdrun, de 5. September spillt Useldeng am zweeten Tour vun der Coupe de Luxembourg, den éischten hu mir gepackt, géint de Gewënner vum Match Bourscheid – Luna Oberkorn. Waat sin dem Trainer seng Erwaardungen vun der neier Saison, ech hun him e puer Froen gestallt:

Mike, mir fänken mol mat engem klenge Reckbleck un, an der Generalversammlung hues du gesoot dass mir an der Reckronn d’Kéier kruuten a besser Resultater gemach hun wéi an der Hironn vun der leschter Saison, worun luch daat an dengen Aan?
Mike Bonomi: Ech géif soen dass d’Jongen selwer gesin hun dass si alleguer mat mir missten een Effort machen, an dass et net duer geet e Match ze spillen ouni mol an d’Zweekämpf ze goen. Ech muss soen dass hir Motivatioun genial war an daat dréit dozou bäi fir Matcher ze gewannen.
Du fänks elo deng 3. Saison zu Useldeng un, bas du nach ëmmer motivéiert?
Mike Bonomi: Natirlech sin ech nach ëmmer motivéiert soss hätt ech schon de Wanter gesoot ech géif ophaalen. Meng Motivatioun kënnt och doduerch dass d’Spiller mech respektéieren an de Comité hannert mir steet.
Useldeng huet jo eng Parti nei Spiller an Ofgäng, si mir an dengen Aan méi stark wéi d’lescht Saison?
Mike Bonomi: Ech sin iwerzeecht dass mir mei stark sinn wei d’lescht Saison.
Wéi gesäit et mat der Motivatioun vun der Equipe aus?
Mike Bonomi : Do muss ech soen dat sie alleguer héich motivéiert sin fir ënnert deenen éischten 3 ze spillen.
Et si schon 4 Joer hir dass Useldeng eng richteg stark Saison gespillt huet, d’Supporter, d’Gemeng an de Veräin waard ongedelleg op besser Zäiten, fänken déi elo un?
Mike Bonomi: Eng Saison as ni wéi déi aner, natirlech gleewen ech drun dass einfach dess Saison besser Zäiten kommen.
10 Equipen spillen an eisem Bezirk, op wéi enger Plaatz land Useldeng um Enn?
Mike Bonomi: Ech rechnen domat dass mir ënnert déi éischt 4 kommen.
Daat wiere jo dann “besser Zäiten”, kanns du dir virstellen nach méi laang zu Useldeng Trainer ze sin?
Mike Bonomi: Dovuner hängt villes of, daat wichtegst as dass d’Spiller an de Comité motivéiert genug sin mat mir weiderzefueren.
De leschte Saatz as fir dech, waat wells du nach lass gin?
Mike Bonomi: Ech muss soen dat ech dem Supporter-Club hei awer och nach emol Merci soen dass si eis Equipe d’lescht Saison esou gudd ënnerstëtzt hun. Ech wënschen menger Equipe an mir Bonne Chance an well hei nach emol soen dass mir eng stark éischt an zweet Equipe hun, och wann se alleguer fir keen Euro hei spillen. Merci an ech schumme mech nit mat mengen spiller op den Terrain ze goen. Merci.
 
Resultater Semaine sportive 2010 Drucken
Denschdeg, 17. August 2010: Ausscheedungen Seniors 1, 19.00 Auer
19.00
USELDENG - FEULEN
 1 - 3
 
Useldeng verléiert säin Ausscheedungsmatch géint Feelen
USELDENG – FEULEN 1 – 3 (1 – 2)
USELDENG: SCHLECHTER MARC – REDING JEAN – ANDRADE MIKE – CLEER CHRISTOPHE (BERTEMES ANDY) – HEIRENDT JEROME (THIEL GILLES) – REDING PAUL – DECKER MANOU – HEMMER ALAIN – KESEROVIC RAMON (WEBER CLAUDE) – PICK DENIS (KNEIP KEVIN) – NAHRGANG DANY (COSIC KENAN)
Goal: KESEROVIC RAMON
Spillbericht: Déi éischt hallef Stonn huet Useldeng a mengen Aan de Match dominéiert, no enger gudder Véierelstonn si mir souguer 1-0 a Féierung gaangen, e Fräistouss, deen am Fong ongeféierlech ausgesin huet, konn de Goalkeeper vun Feulen nit festhaalen, de Ramon war do an et stung 1-0 fir eis. No 35 Minuten as den 1-1 gefall, zu desem Zäitpunkt war Feulen besser an den Ausglaich hung an der Loft. Kuurz virun der Paus as op Elefmeter hin den 2-1 fir Feulen gefall, An der zweeter Halbzait hu mir bal eis komplett Equipe ausgewiesselt, de Spillflouss war nit méi sou gudd wéi am Ufank, Feulen huet dann nach emol op Elefmeter den 3-1 geschoss, mir haaten och nach e puer Chancen, konnten awer keng méi notzen. Fazit: Déi éischt hallef Stonn vun eiser Equipe kann eis optimistisch an d’Saison kucke loosen, als gudde Gastgeber spillen mir dann em déi 3. Plaatz, Géigner as Heiderscheid oder Dalheim.
 
Donneschdeg, 19. August 2010: Ausscheedungen Seniors 1, 19.00 Auer
19.00
HEIDERSCHEID - DALHEIM
 1 - 5
 
Brouch gewënnt d’Veteranentournéier  
Freideg. 20. August 2010: Tournoi veterans, 19.00 Auer
19.00
HEIDERSCHEID –USELDENG
3 – 1
19.00
BROUCH – BOEVANGE
3 – 1
19.15
BISSEN – MERTZIG
0 – 0
19.15
USELDENG – BOEVANGE
2 – 0
19.30
HEIDERSCHEID – BISSEN
0 – 0
19.30
BROUCH – MERTZIG
0 – 0
19.45
BROUCH – BISSEN
1 – 0
19.45
HEIDERSCHEID – BOEVANGE
0 – 0
20.00
BISSEN – USELDENG
1 – 2
20.00
BOEVANGE – MERTZIG
0 – 1
20.15
HEIDERSCHEID – BROUCH
0 – 1
20.15
USELDENG – MERTZIG
1 – 2
20.30
USELDENG – BROUCH
0 – 2
20.30
BOEVANGE – BISSEN
2 – 2
20.45
HEIDERSCHEID - MERTZIG
0 – 1
           
1
BROUCH
13
7 – 1
2
MERTZIG
11
4 – 1
3
USELDENG
6
6 – 8
4
HEIDERSCHEID
5
3 – 3
5
BISSEN
3
3 – 5
6
BOEVANGE
2
3 - 8
 
Ell gewënnt bei den zweeten Equipen 
Samsdeg. 21. August 2010: Tournoi seniors-réserves, 17.30 Auer
17.30
USELDENG – ELL
 1 – 1
17.30
BROUCH – RAMBROUCH
 1 – 0
18.00
BROUCH – USELDENG
 1 – 2
18.00
ELL – RAMBROUCH
 2 – 1
18.30
ELL – BROUCH
 2 – 0
18.30
USELDENG – RAMBROUCH
 2 – 2
 
1
ELL
7
5 – 2
2
USELDENG
5
5 – 4
3
BROUCH
3
2 – 2
4
RAMBROUCH
1
3 – 5
 
Bei den Dammen war Ell op manst eng Klass besser
Samsdeg, 21. August 2010: Match de gala dames, 19.30 Auer
19.30
ELL - BISSEN
17 – 1 
 
Feelen as verdingten Seniors Gewënner, Useldeng kennt no Elefmeterschéissen op déi 3. Plaatz
Sonndeg. 22. August 2010: Finales Seniors, 16.00 Auer
16.00
USELDENG - HEIDERSCHEID
 10 - 9
 
Useldeng kennt no Elefmeterschéissen op déi 3. Plaatz
USELDENG – HEIDERSCHEID 10 – 9 N.E. (O – 0)
USELDENG: SCHLECHTER MARC – REDING JEAN- ANDRADE MIKE – VINHAS SOARES NENE – HEIRENDT JEROME – DECKER MANOU (FRANK PIT) – HEMMER ALAIN (BERTMES ANDY) – REDING PAUL – PICK DENIS – KOSIC KENAN (WEBER CLAUDE) – KESEROVIC RAMON (REDZIC ADEM)
Goal: - ELEFMETERSCHEISSEN: 1-0 HEIRENDT JEROME, 2-1 FRANK PIT, 3-2 REDZIC ADEM, 4-3 ANDRADE MIKE, 5-4 PICK DENIS, 6-5 VINHAS SOARES NENE, 7-6 REDING JEAN, 8-7 REDING PAUL, 9-8 WEBER CLAUDE, 10-9 HEIRENDT JEROME, et verschéissen SCHLECHTER MARC, BERTMES ANDY
Spillbericht: Daat schéinst oder spannendst an desem Match war d’Elefmeterschéissen um Enn wou Useldeng sech mat 10-9 konnt duerchsezten. De Match war vu béiden Equipen zimmlech schwaach, et goufen op béide Säiten wéinig Goalchancen an déi puer déi mir haaten konnte mir nit erfollegraich opschléissen.  Mir hun nach 14 Deeg bis den Ufank vum Championnat
 
18.00
FEULEN – DALHEIM
3 – 1
 
Versammlung Comité an Groupes de Travail Drucken
Nächst Versammlung vum Comité
  • Donneschdeg, 16. September, 20.00 Auer an der Buvette
 
Weitere Beiträge...
« StartZurück12WeiterEnde »

Seite 1 von 2