Ween as online?
Wir haben 4 Gäste onlineCompteur:






![]() | Haut | 56 |
![]() | Geschter | 127 |
![]() | Des Woch | 1013 |
![]() | Dese Mount | 624 |
![]() | All | 75707 |
Emfro?
Login Webmaster!
| Resultater Semaine sportive 2010 |
|
Useldeng verléiert säin Ausscheedungsmatch géint Feelen
USELDENG – FEULEN 1 – 3 (1 – 2)
USELDENG: SCHLECHTER MARC – REDING JEAN – ANDRADE MIKE – CLEER CHRISTOPHE (BERTEMES ANDY) – HEIRENDT JEROME (THIEL GILLES) – REDING PAUL – DECKER MANOU – HEMMER ALAIN – KESEROVIC RAMON (WEBER CLAUDE) – PICK DENIS (KNEIP KEVIN) – NAHRGANG DANY (COSIC KENAN)
Goal: KESEROVIC RAMON
Spillbericht: Déi éischt hallef Stonn huet Useldeng a mengen Aan de Match dominéiert, no enger gudder Véierelstonn si mir souguer 1-0 a Féierung gaangen, e Fräistouss, deen am Fong ongeféierlech ausgesin huet, konn de Goalkeeper vun Feulen nit festhaalen, de Ramon war do an et stung 1-0 fir eis. No 35 Minuten as den 1-1 gefall, zu desem Zäitpunkt war Feulen besser an den Ausglaich hung an der Loft. Kuurz virun der Paus as op Elefmeter hin den 2-1 fir Feulen gefall, An der zweeter Halbzait hu mir bal eis komplett Equipe ausgewiesselt, de Spillflouss war nit méi sou gudd wéi am Ufank, Feulen huet dann nach emol op Elefmeter den 3-1 geschoss, mir haaten och nach e puer Chancen, konnten awer keng méi notzen. Fazit: Déi éischt hallef Stonn vun eiser Equipe kann eis optimistisch an d’Saison kucke loosen, als gudde Gastgeber spillen mir dann em déi 3. Plaatz, Géigner as Heiderscheid oder Dalheim.
Brouch gewënnt d’Veteranentournéier
Ell gewënnt bei den zweeten Equipen
Bei den Dammen war Ell op manst eng Klass besser
Feelen as verdingten Seniors Gewënner, Useldeng kennt no Elefmeterschéissen op déi 3. Plaatz
Useldeng kennt no Elefmeterschéissen op déi 3. Plaatz
USELDENG – HEIDERSCHEID 10 – 9 N.E. (O – 0)
USELDENG: SCHLECHTER MARC – REDING JEAN- ANDRADE MIKE – VINHAS SOARES NENE – HEIRENDT JEROME – DECKER MANOU (FRANK PIT) – HEMMER ALAIN (BERTMES ANDY) – REDING PAUL – PICK DENIS – KOSIC KENAN (WEBER CLAUDE) – KESEROVIC RAMON (REDZIC ADEM)
Goal: - ELEFMETERSCHEISSEN: 1-0 HEIRENDT JEROME, 2-1 FRANK PIT, 3-2 REDZIC ADEM, 4-3 ANDRADE MIKE, 5-4 PICK DENIS, 6-5 VINHAS SOARES NENE, 7-6 REDING JEAN, 8-7 REDING PAUL, 9-8 WEBER CLAUDE, 10-9 HEIRENDT JEROME, et verschéissen SCHLECHTER MARC, BERTMES ANDY
Spillbericht: Daat schéinst oder spannendst an desem Match war d’Elefmeterschéissen um Enn wou Useldeng sech mat 10-9 konnt duerchsezten. De Match war vu béiden Equipen zimmlech schwaach, et goufen op béide Säiten wéinig Goalchancen an déi puer déi mir haaten konnte mir nit erfollegraich opschléissen. Mir hun nach 14 Deeg bis den Ufank vum Championnat
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||





