Transfert NEWS

Mir begréissen eisen néien Trainer ab nächster Saison den Enver Kelmendi.
Mir wënschen him bonne Chance an op eng Erfollegreich zesummenarbescht.


Den Antony Roger kënnt rem zréck bei den Fc Jeunesse Useldeng.
Mam Rosch hun mir een Mann zréck kritt deen fierun puer Joer schon engkeier bei eis war an daat aus Trainer vun den Senioren. Destkéier iwwerhëllt hien d’Charge vum Sportleche Beroder an verstärkt domat eisen Staff.
Wëllkomm zréck Rosch!


ALOMEROVIC Asim wiesselt bei eis op Useldeng. Den Asim huet bei folgenden Verainer gespillt (union Lëtzebuerg, racing, strossen, Fola, Beggen, Luerenzweiler an Woltz). Des Saison huet den Asim an der BGL beim RM Hamm Benfica gespillt. Bonne Chance Asim👍

Wëlkomm beim FCJU


Mir begréissen rem zréck bei eis, den Sabotic Damir an den Sabotic Admir, sie wiesselen allenbéid aus Frankreich vun der jeunesse sportive audunoise bei eis op Useldeng. Mir sin extrem frou dass sie rem dohin kommen wou sie fir eng laang Zeit gelierft an Fussball gespillt hun.
Wëllkomm zréck beim FCJU an bonne Chance!


Winckel Dwight huet 17 Joer an as Goalkeeper. Ausgebild gin as en op der Un Kaerjeng 97, F91 Dudelange an op der AS Jeunesse Esch. Den Dwight wiesselt vum F91 Dudelange temporaire op Useldeng.
Wëllkomm beim FCJU, Dwight an Bonne Chance!


Mir begréissen néi bei eis am Verain den Gianni Caccioppoli (27 Joer). Den Mëttelfeldspiller wiesselt fir 3 Joer vum Fc Alisontia Steesel bei den FCJU. Deswéideren huet den Gianni schon fir den Fc Residence Walfer gespillt.
Wëlkomm beim Fc Jeunesse Useldeng an Bonne Chance!


Carias Gonzalez Jona heen kënnt aus eiser Jugend erop an den Seniors Kader. Positioun Mëttelfeld


Aliu Besart huet 26 Joer, heen wiesselt fir 1 Joer vum Avenir Beggen bei eis op Useldeng. Positioun Stiermer.


Fernandes Barreto Wilson huet 30 Joer an kënnt vum Fc Mühlenbach. Positioun Verteideger.


Skrijelj Edvin huet 27 Joer an wiesselt vun Miersch bei eis op Useldeng. Positioun Stiermer.